Beim Bauland wier méi Transparenz um Marché néideg, fir enorm Plus-valuen onméiglech ze maachen, verlaangt de Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps an LSAP-Kandidat am Süden, de Max Leners.
"Dat heescht, alles wat Neibau ass, si mir der Meenung, do muss eng gewëssen Obligatioun bestoen, datt een déi Baulandpräisser, wou ee se akaaft huet, oppe leet am Kontrakt. An datt do de Staat higeet, an eng Marge virgesäit, wou maximal däerf drop berechent ginn."
Esou eng maximal Benefice-Marge misst gesetzlech festgeluecht ginn, gëtt verlaangt.
Bei neien Immobilië soll och déi automatesch Indexéierung vum Kafpräis am Kontrakt verbueden oder limitéiert ginn. Dës Indexéierung géif bei héijer Inflatioun onnéidegen Drock op d'Immobilië-Keefer maachen.
"An datt een do entweder seet, mir verbidden eng Indexéierung vum Präis: de Präis muss an deene Kontrakter fix sinn. Oder et seet een ok, d'Beweislaascht läit beim Promoteur, an dee muss beweisen, wat reell méi deier ginn ass."
De Marché gewäerde loossen, mee "Keng Resultater"
An hirer neier Nott zitéierten d'Auteure Max Leners a Franz Fayot vill aus dem vill diskutéierte rezente Rapport vun der Konkurrenz-Autoritéit, déi jo eng Enquête iwwert den Immobiliësecteur gemaach hat.
De Member vun der Fondation Robert Krieps an LSAP-Co-Spëtzekandidat am Zentrum, Franz Fayot, fuerdert ee Mentalitéitswiessel, an hie stellt fest...
"An eisen Aen op alle Fall geet et net méi duer fir ze soen, loosst de Marché gewäerden. Dat maache mer elo säit Joerzéngten a mir gesinn, dass dat keng Resultater bréngt."
An hirer Nott zitéieren déi béid LSAP-Kandidate gutt zwee Méint virun de Chamberwalen och den DP-Politiker a Premier Xavier Bettel, dee viru Kuerzem an engem Interview gesot hat, datt hien den Immobiliëmarché net wéilt reguléieren.