Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemengegesetz: Eischt Etapp vun der Reform ab muer a Kraaft

Gemengegesetz

Gemengegesetz: Eischt Etapp vun der Reform ab muer a Kraaft

Muer trieden déi nei Reegele vun der Tutelle administrative iwwer d'Gemengen a Kraaft. Mat dëser éischter Etapp vun der Reform vum Gemengegesetz - dat op d'Joer 1988 zeréckzeféieren ass - sollen déi 102 Gemenge méi autonom funktionéieren an d'Prozedure vereinfacht ginn. Et wéilt een d 'Gemenge net just kontrolléieren, mee begleeden, esou d'Inneministesch Taina Bofferding um Dënschde virun der Press.

auto_stories

2 min

D'Inneministesch Taina Bofferding

Mat dëser éischter Etapp vun der Reform vum Gemengegesetz sollen déi 102 Gemenge méi autonom funktionéieren an d'Prozedure vereinfacht ginn. D'Gemenge sollen net just kontrolléiert, mee och begleet ginn.

Nei Delaie ginn agefouert

Fir d'Aarbecht tëscht de Gemengen an dem Interieur ze vereinfachen, sollen ënnert anerem Delaie fir d'Prozeduren agefouert ginn. Bis haut hätt et keng offiziell Prozedur fir déi formell Approbatioune vum Ministère ginn. Dat géing lo definitiv änneren, ënnersträicht d'Taina Bofferding. D'Gemenge musse bannent 3 Méint eng Äntwert vum Inneministère kréien. Wat geschitt wann dat net de Fall ass erkläert d'Taina Bofferding:

"Ass d'Deliberatioun vum Gemengerot implizitt dee Moment approuvéiert. Dat ass wichteg dass se eben doduerch eng gewësse juristesch Sécherheet kréien. A virun allem duerch déi Delaien natierlech och eng ganz kloer Plangbarkeet wat jo wichteg ass fir hir Dossieren."

Deel vun der Reform vun der Iwwerwaachung vun der kommunaler Gestioun ass och eng nei elektronesch Plattform mam Numm e-Mint, iwwer déi bis 2025 de kompletten Austausch vun Dokumenter tëschent dem Inneministère an de Gemenge soll lafen. D'LSAP-Inneministesch gesäit doranner de Virdeel, datt d'Dossieren op déi selwecht Plattform kënnen eropgeluede ginn, wou dann och de Retour kënnt. Et ginn awer nach weider Virdeeler betount d'Taina Bofferding:

"Datt hei en Archivage ka fir d'Gemengen en place gestallt ginn. An alleguerten déi eenzel Demarchen, alleguerten déi eenzel Schrëtt, déi hannendrun hänken, sinn zu all Moment ëmmer visibel, déi si ganz transparent opgelëscht, wou een ëmmer gesäit och wou den Dossier grad drun ass."

Syvicol wier gäre méi wäit gaangen

De President vum Gemengesyndikat Syvicol weist sech zefridden iwwer dës Vereinfachung vun den administrative Prozeduren. Bei der e-Mint Plattform wier den Emile Eicher awer nach gären e Schrëtt méi wäit gaangen. Et hätt ee sech gewënscht, datt déi digital Plattform géing op sämtlech Ministèren ausgebreet ginn.

"Beispillsweis d'Santé oder d'Sécurité dans la Fonction publique. Bei all Gebai wat mir opriichten, musse mir nach ëmmer hiren Accord hunn. An da muss awer erëm dee Pabeierkrich gefouert ginn."

Bei den nächsten Etappe vun der Reform vum Gemengegesetz hofft de Syvicol-President, datt déi penal Responsabilitéit vun de Gemengepolitiker besser definéiert ginn. Och beim Statut vum Elu local gesäit den Emile Eicher nach Verbesserungspotential.