Dee sou genannten "Digital Services Act" ass schonn de 16. November zejoert a Kraaft getrueden, an de Méint dono hu sech grouss Plattforme misse bei der Kommissioun mellen an uginn, wéi vill Usere si duerch hir Servicer ofdecken. Een Deel vun där neier Direktiv gëllt nämlech fir déi, déi op méi ewéi 45 Milliounen User kommen. D'Kommissioun huet där de 25. Abrell 2019 festgehalen. Dozou gehéieren Déngschter ewéi Facebook, Youtube, Tik Tok oder X (fréier Twitter), mee och Verkafs- a Rees-Plattformen ewéi Amazon, Zalando oder Booking.com gehéieren dozou.
Si hate bis haut Zäit, sech deenen neie Reegelen unzepassen.
D'EU-Kommissioun wëllt séier handelen
Dozou gehéiert et, méi transparent bei der Publicitéit ze sinn, selwer no falschen Informatiounen ze sichen, an déi Inhalter ze markéieren, bei deenen de Risiko vu Desinformatioun besteet.
D'Kommissioun wier prett, séier anzegräifen, wa sech net un d'Reegele gehale gëtt, sou gëscht eng offiziell Source. Fir dat ze realiséieren gëtt mat nationale Regulateure genee ewéi mat Europol zesummegeschafft.
Et bleift nach vill ze dinn
Verschidde Plattform wéi Tiktok oder gëscht och Google hu schonn annoncéiert, si géifen hir Algorithmen den neie Reegelen upassen.
Am Juni war den zoustännegen EU-Kommissär Thierry Btreton mat enger Ekipp beim Elon Musk senger Platfform X a Kalifornien op Besuch. Do gouf et Signaler, datt ee sech konform mat den EU-Reegelen ëmorganiséiere wielt. Et wier deemools awer och kloer gewiescht, datt nach vill ze dinn ass, sou gëscht eng Source aus der Kommissioun mat der Annonce, Bréissel géif dat enk suivéieren.