Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Reegele fir den Informatiounszougang fir Journalisten

Press a Medien

Nei Reegele fir den Informatiounszougang fir Journalisten

Et ginn nei Reegele fir Journaliste fir den Accès zu staatlechen Informatiounen. Per Circulaire goufen eng Rei vu Recommandatiounen ëmgesat, déi och esou vum Conseil de presse an dem Journalisteverband ALJ formuléiert goufen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zu dëse Recommandatioune gehéiert d'Aféiere vun enger Mailadress fir all Ministère, speziell fir Presse-Ufroen. Parallel muss op all Websäit vun de Ministère kloer indiquéiert sinn, wéi eng Persoun fir d'Kommunikatiounsaarbecht zoustänneg ass.

Nei ass och, datt de Ministère der Press bannent 24 Stonnen äntweren oder erkläre muss, wéini eng Äntwert geliwwert ka ginn. Wann keng Äntwert méiglech ass, mussen déi legal Grënn genannt ginn.

"Ee Schrëtt an déi richteg Richtung"

Fir de Roger Infalt, President vum Presserot, ass dat ee Schrëtt an déi richteg Richtung. Et bräicht een awer endlech ee Gesetz, dat den Zougang zur Informatioun reegelt.

Wann ee vun engem Ministère ee politescht Statement wëllt hunn, dann ass et fir de Roger Infalt ubruecht, datt de Pressespriecher dat beim Minister misst ufroen, mee:

"[W]ann Zuelematerial oder eng Statistik gefrot gëtt, da kann et a mengen Aen net sinn, datt mer nach ëmmer op deem Wee sinn, datt gesot gëtt: 'Oh, da muss ech awer fir d'éischt mäi Minister froen'."

Informatioune fir d'Press per Gesetz garantéieren

Staatsbeamten dierfen zwar prinzipiell mat der Press schwätzen, mussen awer virdrun den Attaché de presse informéiert hunn an d'Autorisatioun vun hirem Minister hunn. Intern oder geheim Informatiounen dierfen awer net divulgéiert ginn.

De Conseil de Presse fuerdert zanter Joren ee Gesetz, dat den Informatiounszougang fir d'Press garantéiert, e fäerdegen Text gouf och 2019 schonn der parlamentarescher Mediekommissioun virgeluecht. Den Dossier ass zanterdeem awer net mi weiderkomm.