Slovenien Nei Qualitéit vun Ugrëff op Mediefräiheet a Slowenien
A Slowenie gi Medien ëmmer nees vu Regierungssäit ënner Drock gesat. Viru gutt dräi Wochen gouf d'Tëlees-Cheffin vum sloweeneschen ëffentlech-rechtleche Rundfunk RTV ofgesat. An den Ae vu ville Beobachter e weideren Akt vun Amëschung duerch d'Regierung vum Premier Janez Janša. De Stephan Polet huet mam sloweneesche Journalist Ali Zerdin iwwer d'Situatioun vun de Medien a Slowenien geschwat.
D'Direktioun vum ëffentlech-rechtleche Runkfunk a Slowenien, RTV, huet d'Ofsetze vun der Direktesch fir Televisioun mat niddregen Aschaltquoten argumentéiert. D'Aart a Weis wei d'Decisioun getraff gouf wier awer zweiwelhaft, fënnt den Ali Zerdin. Hien ass ë leedende Journalist bei der slowenescher Dageszeituung Delo. Bei RTV misste Personaldecisiounen am Prinzip vun engem spezielle Gremium geholl ginn - nëmme wann net genuch Rotsmemberen do sinn, kann de Generaldirekter esou Decisiounen eleng huelen. Sou geschitt am Fall vun der entlossener Tëlees-Cheffin.
"Wann de Generaldirekter gewaart hätt, bis d'Summervakanz eriwwer wier, da wiere sécher genuch Leit am Gremium gewiescht, seet den Ali Zerdin. Dann hätt d'Decisioun och op eng regulär Aart kënne getraff ginn."
An engem Interview mat senger Zeitung Delo hätt déi fréier Tëlees-Direktesch vun RTV behaapt, datt de Generaldirekter Drock gemaach hätt, fir de Chefredakter vun der Chaîne auszetauschen. Dës Ausso kéint si um Enn den eegene Poste kascht hunn, mengt de Journalist Ali Zerdin.
Och déi staatlech Noriichtenagence steet ënner Drock
De Runkfunk RTV ass awer net deen eenzege Medium a Slowenien, deen ënnert Drock steet. Déi national Noriichtenagence STA gëtt am Prinzip zur Hallschent vum Staat finanzéiert. Elo wieren et awer scho bal 300 Deeg hier, zanter datt de Staat opgehalen hätt ze bezuelen. Dat obwuel e gesetzlech dozou verflicht wier, seet den Ali Zerdin.
D'Regierung géif no ëmmer neien Excuse sichen, fir déi slowenesch Noriichtenagence STA net ze bezuelen. Dës hätt vun hirem gesetzlechem Opbau an der Gouvernance hier eng grouss Onofhängegkeet, mee de Finanzement wier eng grouss Schwaachstell, erkläert den Journalist Ali Zerdin.
De Premier kritiséiert national Medie perséinlech iwwer Twitter
Doduerch datt si d'Noriichtenagence géif schwächen, géif d'Regierung awer och déi ganz Medielandschaft treffen a schwächen.
De slowenesche Premier Janez Janša géif och ëmmer nees iwwer Twitter déi national Medie kritiséieren, wat och eng Form vun Drock wier, fënnt de Journalist Zerdin.
Scho wei de Janša vun 2004 bis 2008 Premier vum Land war, hätt et d'Drock op d'Medie ginn, seet den Ali Zerdin. Besonnesch mat dem Refus déi deel-staatlech Noriichtenagence ze bezuelen, hätten dës Ugrëff awer eng nei Qualitéit kritt.