EU-BUDGET Nei Propos iwwer EU-Budget kënnt net gutt un
D'Europäesch Unioun gëtt sech net eens iwwer deen nächste laangjärege Budget. De Conseilspresident Charles Michel hat Enn där leschter Woch eng nei Propos fir ee Kompromëss op den Dësch geluecht. Déi stéisst awer och op ville Säiten op Kritik. Et ass net sécher, ob d'Staats- a Regierungscheffen de Knuet um EU-Sommet opléise kënnen.
Et geet ëm Honnertstel Prozentpunkten, un deene jeeweils Milliarden Euro hänken: Den europäesche Budget beweegt sech ronderëm eng Billioun Euro, soit ronn engem Prozent vum Revenu national brut vun de 27 EU-Länner.
D'Propose vu Kommissioun, Memberlänner a Parlament leien zwar nëmmen e puer Plazen hanner dem Komma vun där Billioun auseneen, mee dorëm gëtt hefteg gestridden.
Ee-Prozent-Club pocht op ee "moderne" Budget
Op kee Fall méi wéi eng Billioun, soen eng Partie EU-Länner. Nieft Finnland sinn och Schweden, Holland an Dänemark an deem Ee-Prozent-Club. Si gehéieren zu den Netto-Contributeuren, also zu deene Länner, déi méi an d'europäesch Keess abezuelen, wéi se duerch direkt Subventiounen nees erauskréien.
Zu Lëtzebuerg ass dee Bilan zimmlech ausgeglach, an d'Regierung huet sech vun Ufank un net géint ee liicht méi héije Budget gespaart. Dat ass weider de Fall, erkläert de Finanzminister Pierre Gramegna.
Lëtzebuerg bedauert, datt am Beräich vun der Administratioun soll gekierzt ginn, dat hat e Méindeg den Ausseminister Jean Asselborn zu Bréissel gesot.
Dem Conseilspresident Charles Michel seng nei Propos läit elo knapps iwwer enger Billioun Euro. Si stéisst awer net nëmme bei deenen op Kritik, deenen de Montant ze héich ass.
Däitschland, och een Netto-Contributeur, huet sech manner op d'Héicht vum Montant ageschoss, ass awer och net zefridde mat der Propos, déi um Dësch läit. D'Propos wier a verschiddene Beräicher ee Réckschrëtt, sot den däitsche Finanzminister Olaf Scholz.
Wéi aner Länner aus dem Ee-Prozent-Club setzt sech Däitschland fir eng Moderniséierung vum Budget an. Méi Sue fir Recherche an Innovatioun, manner fir Agrarsubventiounen oder d'Kohesiounsfongen, déi a strukturell schwaach Regioune fléissen.
Kierzungen a Rabatter sinn ëmstridden
Kloer ass, datt muss gekierzt ginn, well mat Groussbritannien huet ee vun de gréissten Netto-Contributeuren d'EU verlooss.
Elo awer ausgerechent am Agrarsecteur de roude Bic unzesetzen, an dee Budget wéi geplangt ëm 14 Prozent ze kierzen, kënnt net nëmmen zu Lëtzebuerg bei de Baueren net gutt un.
Engersäits méi vun de Bauere verlaangen am Beräich Klima- an Ëmweltschutz, anerersäits d'Moyene sträichen, geet net, sot d'Amelie de Montchalin, déi franséisch Staatssekretärin fir d'EU.
Sträit gëtt et och iwwer déi sougenannte Rabatter. Dat ass eng Rechenaufgab, déi gemaach gëtt, an där no Netto-Contributeuren nees Suen zeréckkréien. Frankräich wëllt déi Rabatter ofschafen. Deene Länner, déi méi abezuelt hunn, wéi se erauskréien, ee Scheck zeréckzeginn, ass keng gutt Method, seet och de Pierre Gramegna. "Dat bréngt mat sech, datt jiddweree genee op den Euro kuckt an d'Avantagë vum europäesche Bannemarché net a Betruecht zitt, wann en déi Rechnung mécht."
Verschiddener vun den Netto-Contributeuren awer poche weider drop, Rabatter ze kréien.
Reegel iwwer Rechtsstaatlechkeet ofgeschwächt
Nei un dësem pluriannuelle Budget ass, datt d'Ausbezuele vun EU-Fonge soll gekoppelt sinn dorun, ob ee sech un EU-Recht hält oder net.
De Charles Michel kënnt a senger Propos awer de Géigner vun där neier Reegel, wéi Ungarn oder Polen, entgéint an huet se ofgeschwächt. Elo soll se just dann a Kraaft trieden, wann d'Majoritéit vun de Memberlänner dofir ass. Domat sinn elo eng Partie aner Länner net zefridden. Am Kapitel iwwer Rechtsstaatlechkeet dierfte keng eidel Wierder stoen, sot zum Beispill déi finnesch EU-Ministerin Tytti Tuppurainen.
D'Lëtzebuerger Regierung huet hei nach keng kloer Positioun, preziséiert iwwerdeems de Pierre Gramegna.
Green Deal ass elo Deel vum Budget
Nei un der Budgetspropos vum Conseilspresident ass, datt se de Poste fir de Klimaschutz mat 7,5 Milliarden Euro integréiert huet. Dee war bis elo net virgesinn. Dat ass positiv, fënnt de Pierre Gramegna. Aus dem Transitiounsfong, dee fir Klimaschutzmesuren do ass, géif Lëtzebuerg zwar nëmme véier Milliounen Euro fir d'Joren 2021 bis 2027 kréien. Lëtzebuerg géif hei och net mat maximale Fuerderunge kommen, sot de Pierre Gramegna.
Guer net gutt koum d'Propos fir deen neie Budget am Europaparlament un, dat sech fir een däitlech méi héije Budget asetzt. Elo sinn awer fir d'éischt emol d'Staats- a Regierungscheffen un der Rei, aus deem Budget-Duercherneen een Auswee ze fannen.
Hir Reunioun ass open end, wéini si eriwwer ass, huet de Charles Michel a senger Invitatioun net preziséiert.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.