Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Oplo vum Prozess géint de Maître Lutgen

Justiz

Nei Oplo vum Prozess géint de Maître Lutgen

Huet den Affekot André Lutgen den Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues viru gutt zwee Joer ënner Drock gesat? Ëm déi Fro goung et de Moien um Stater Geriicht, wou all Concernéiert an der zweeter Oplo vum Prozess virum neie Riichter Marc Thill zesummekomm sinn. Ausgesot hunn de Moien den Affekot selwer, d'Procureur d'Etat Martine Solovieff an och - kuerz - den Untersuchungsriichter selwer.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


D'Faite schénge kloer: Am Mee 2019 gouf et en déidlecht Aarbechtsaccident bei ArcelorMittal. An der Suite huet den André Lutgen als Affekot vum Stolproduzent versicht vum Untersuchungsriichter Filipe Rodrigues gewuer ze ginn, wéini d'Versigelung vun den Installatioune kéint opgehuewe ginn. Duerch d'Versigelung wieren zwee Krane blockéiert gewiescht, de méigleche Schued: 20 Milliounen Euro d'Woch, an 200 Leit am Chômage technique.

Lutgen wollt "ArcelorMittal net zappele loossen"

Den André Lutgen huet deemools e puer Mol versicht vum Filipe Rodrigues méi gewuer ze ginn. Eng Kéier een Dag nom Accident, ouni Äntwert. Dunn nach emol de Moien drop. Du sot den Untersuchungsriichter e géif sech mellen. Am Nomëtteg huet den Affekot fir d'drëtt probéiert, mat der Opfuerderung, datt de Filipe Rodrigues him soll bannent enger hallwer Stonn Bescheed soe wéini d'Scelléë géifen opgehuewe ginn.

Nodeems dozou keng Äntwert koum huet de Maître Lutgen eng Stonn drop ee Mail un de Wirtschaftsminister Schneider, de Justizminister Braz mat a Kopie d'Procureur d'Etat Martine Solovieff gemaach. Hien hätt ArcelorMittal net wëllen zappele loossen, esou den André Lutgen viru Geriicht.

Hie wier dovun ausgaangen, datt hien eng Äntwert vum Untersuchungsriichter géif kréien. Eng Feststellung iwwregens mat där de President Marc Thill net averstanen ass: 'wann Dir dem Untersuchungsriichter een Ultimatum stellt, da wësst Dir datt Dir keng Äntwert kritt' sot hien de Moien.

Den Untersuchungsriichter wier ënner Drock gesat ginn, esou den Affekot vum Filipe Rodrigues, de Maître Daniel Cravatte. Een Argument: een Untersuchungsriichter gëtt op Avis vum Justizminister genannt, fir ronn 3 Joer. Wann also dee Justizminister an engem Mail geschriwwe kritt, een Untersuchungsriichter géif seng Aarbecht net maachen, da wier de Concernéierten op d'mannst "inquiétéiert" sou den Affekot. Intimidatioun an Outrage, dat wat dem Maître Lutgen virgeworf gëtt wiere geschitt, och well den Affekot den Untersuchungsriichter an ee schlecht Liicht gestallt hätt.

Den Daniel Cravatte huet och insistéiert, datt säi Client d'Faiten denoncéiert hätt an net - wéi an der Press ze liese gewiescht wier - eng Plainte géint de Maître Lutgen gemaach hätt.

Relatioun Affekoten-Magistraten spillt eng zentral Roll

D'Martine Solovieff sot sech de Moien iwwerrascht iwwer d'Démarchë vum André Lutgen, well et bei Problemer tëscht Affekot an Untersuchungsriichter Recours-Méiglechkeete bannen der Justiz ginn, eppes wat och de Riichter de Moie betount huet. D'Procureur sot awer och: et gudde Fonctionnement vun der Justiz géif hir um Häerz leien, dat wier och de Grond firwat si der Saach intern eng Suite ginn hätt.

D'Relatiounen tëscht Affekoten a Magistrate spillen an deem Prozess eng zentral Roll. Haart ausgeschwat hunn dat souwuel d'Procureure générale Martine Solovieff wéi och d'Bâtonnière Valérie Dupong. Si hunn ënnerstrach, datt déi Relatioun gutt misst bleiwen.

Nach een Hannergrond ass de Moie kloer ginn: de Maître Lutgen sot hien hätt schonn Antécédante mam Filipe Rodrigues gehat. An engem Schreiwes vu 7 Säiten dat hie virgelies huet, geheit hien dem Untersuchungsriichter "Méconnaissancen" an "Nonchalance" an der Ausübung vu sengem Beruff vir. Déi Antécédante wieren och de Grond fir säin Insistéiere gewiescht, sot de Maître Lutgen, an net d'Iddi fir hien ënner Drock ze setzen.

De Prozess geet muer de Mëtteg virun.