Fir den Entrepreneursgeescht ze fërdere kënnen nei Mikro-Entreprisen aus de Beräicher Handel oder Handwierk, ënner Konditiounen, iwwer een Zäitraum vun engem hallwe Joer 2.000 Euro pro Mount als staatleche Subside kréien, erkläert de Mëttelstandsminister Lex Delles. Dat sollt hëllefen eng Entreprise ze lancéieren
"Dat heescht och do hu mer déi Gefor e bëssen ewech geholl, ech fänke meng Entreprise un, jo mee ech hunn awer keng Revenuen, ech hunn esou vill Käschten, wéi kann ech fueren, dofir déi Aide primo-créateurs."
Jonken den Entrepreneursgeescht méi no bréngen
Promouvéieren, stimuléieren a begleeden, dat sinn fir den Tom Oberweis, déi dräi Stéchwierder, ëm déi et mat de Mesuren aus dem neien Aktiounsplang geet.
Et wier zum Beispill wichteg, deene Jonken an de Schoulen den Entrepreneursgeescht méi no ze bréngen, esou de President vun der Handwierkerkammer. Vill Jonker géifen zécken dee Wee ze goen. Et bräicht ee net just jonk Leit déi en Handwierk léieren, mee och der déi selwer wëllen e Betrib opmaachen.
Auslännesch Talenter rekrutéieren a behalen
Eng weider Prioritéit aus dem Plang ass, fir d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft, héich qualifizéiert Personal unzezéien, huet de President vun der Handelskammer Fernand Ernster erkläert. Hie begréisst datt ee Luxembourg Talents Hub wäert gegrënnt ginn
"Dat ass eng Strategie nationale fir an Zukunft besser kënnen auslännesch Talenter kënnen ze rekrutéieren awer och auslännesch Talenter ze behalen.
De Fernand Ernster hofft, datt ee groussen Deel vun de Punkten aus dem Aktiounsplang fir kleng a mëttelgrouss Entreprisen, sech an de Parteien hire Programmer fir d'Chamberwahlen den 8. Oktober erëm fannen.