Mënschen aus Länner wéi Indien, Kuba an Tunesie brauche bis elo kee Visum fir a Serbien anzereesen. Ëmmer méi Leit aus deene Länner notzen dat, fir da vu Serbien aus an d'EU ze kommen. Zanter Wochen huet d'EU Drock gemaach, fir datt Serbien seng Visumspolitik upasst.
Fir sou ee Kandidat ze ginn, musse Länner ënner anerem hier Visapolitik der EU ugläichen.
Serbien huet och éischt Mesure ënnerholl. Am Oktober nach gouf d'Visafräiheet fir d'afrikanescht Land Burundi gestrach, fir Tunesien gëllt se nach bis den 20. November.
D'Upassung vun de Visareegele kéint dann och d'Lag un der d'EU-Aussegrenz um Westbalkan entspanen, heescht et vum éisträicheschen Ausseministère op Nofro hin. D'Zuele vun de Grenziwwergäng spigele sech an den Zuele vun Demandë fir an Éisträich Asyl unzefroen erëm. Bis Enn September si ronn 70.000 Demande fir Asyl gestallt ginn, dat sinn der bal dräi Mol sou vill wéi nach zejoert.
Fir den éisträicheschen Inneminister Gerhard Karner geet eng Ännerung vun der serbescher Visapolitik net duer.
"Es ist hier Bewegung in die Sache gekommen, Gott sei Dank, aber daneben brauchen wir auch einen funktionierenden Außengrenzschutz. Also viele Themen, die hier notwendig sind, damit wir hier erfolgreich sind im Kampf gegen die Schlepper und illegale Migration."
Serbien ass net den eenzege Probleem
De Petar Rosandić vun der éisträichescher Initiativ SOSBalkanroute gesäit déi Zort Flüchtlingspolitik kritesch. D'Initiativ organiséiert zanter dräi Joer Sammelaktioune fir Kleeder a Schlofsäck fir Flüchtlingen a Bosnien-Herzegowina a Serbien.
Hie mengt, datt sou gemaach géif ginn, wéi wann déi serbesch Visapolitik fir déi Migratiounsbeweegungen eleng responsabel wieren. Dobäi géif ausgeblent ginn, datt ronn 70 Prozent vun de Flüchtlingen aus Afghanistan a Syrië géife stamen, also aus Länner an deenen nach viru kuerzem krichsänlech Zoustänn waren.
D'Sträiche vun der Visafräiheet eleng stoppt net d'Migratiounsbeweegungen
Dobäi kéime just 19 Prozent vun de Migranten aus Länner ewéi Indien, Tunesien a Kuba. D'Visafräiheet fir déi Länner huet dem Petar Rosandić no seng Wuerzelen an der Politik vum fréiere Jugoslawien.
"Das hängt mit der Blockfreien-Bewegung des ehemaligen Jugoslawiens zusammen, wo Jugoslawien Anführer war. Mit dieser internationalistischen Idee auch, dass Menschen sich austauschen, wo hinreisen können und das soll jetzt zerstört werden, dieser Rest an einem internationalen, interkulturellen Gedanken der in der jugoslawischen Politik beziehungsweise in der Politik von Josip Broz Tito verankert war."
Et wier eng Illusioun, wann ee mengt, datt d'Sträiche vun der Visafräiheet d'Migratiounsbeweegunge stoppe géif, esou de Peter Rosandić. D'Zoustänn un der EU-Aussegrenz wäerte sech doduerch senger Meenung no op alle Fall net positiv veränneren.