Europawahlen 2019 Nei Fraktioun am EU-Parlament?

Déi däitsch Europadeputéiert Ulrike Trebesius hält et net fir onméiglech, datt sech no den Europawahlen eng grouss Fraktioun vun den Europa-skepteschen, nationalisteschen a rietspopulistesche Parteien am Europaparlament forméiert. Dat seet d'Politikerin, déi fir d'AfD an d'Europaparlament gewielt gi war, awer mat där Partei gebrach huet.

Maurice Molitor / cz

Ulrike Trebesius
D'Ulrike Trebesius

Enger Projektioun no, déi op Sondagen aus alle Memberstaate vun der EU baséiert, kéimen all déi EU-kritesch an Europa-skeptesch, souveränistesch a rietspopulistesch Parteien zesumme bei den Europawahlen op 23 Prozent vun de Stëmmen. Als ee Block wiere si domat déi zweetstäerkst Kraaft am nächsten Europaparlament. Am Moment deelen déi Parteie sech nach op dräi Fraktiounen op, mee dat kéint änneren, sou déi däitsch Europadeputéiert Ulrike Trebesius.

Éischt Bestriewunge fir dës Fraktioun nieft der EVP ze grënnen, géif et aktuell scho ginn. Virun e puer Wochen hätte sech zum Beispill Vertrieder vun der AfD mat Vertrieder vun der Lega Nord an e puer Vertrieder aus skandinavesche Länner zu Mailand getraff. Den EU-Kommissiounspresident hätt jo scho virun esou Bündnisser gewarnt. Der Ulrike Trebesius no géifen déi awer nëmme méi staark ginn, well déi aktuell EU-Kommissioun versot hätt.

"Keng Transferunioun ginn"

D'Ulrike Trebesius ass eng schaarf Kritikerin vun der Euro-Politik. Aus dem Euro dierft keng Transferunioun ginn, an där déi räich Länner déi aarm mat erduerch huelen.

De Verglach mat der Reunifikatioun vun Däitschland kéint een an dësem Fall net zéien, well Däitschland e Land wier, dat sech selwer als Natioun géif definéieren. An deem Fall wier et kloer a sënnvoll, datt et de sougenannten "Länderfinanzausgleich" gëtt. Déi Däitsch hätte gewisen, datt si prett wieren dëse Präis fir d'Reunifikatioun ze bezuelen. Dat wier bei der EU net de Fall, et wier zum Beispill net jiddwerengem, deen a Finnland lieft, kloer, datt en och fir Griichenland géif opkommen.

Politesch Carrière no sechs Joer eriwwer

D'Urike Trebesius, déi 2014 fir déi däitsch AfD an d'Europaparlament gewielt gouf, hat ee Joer drop mat där Partei gebrach, a mat aneren (dorënner dem AfD-Grënner Bernd Lucke) eng nei gegrënnt: Liberal-konservativ Reformer huet déi Formatioun sech genannt. Och aus där ass d'Ulrike Trebesius de leschten Hierscht ausgetrueden. Si wäert de 26. Mee bei den nächsten Europawahlen net méi untrieden. Hir politesch Carrière geet op en Enn, no nëmme sechs Joer an zwee Partei-Austrëtter.

Dat wier eben esou, "wann ee kee Politik-Profi" wier, seet d'Ulrike Trebesius. Et géife vill Parteimembere ginn, déi immens laang un hire Parteie géife festhalen. Si géif awer vill Membere vun der CDU, der FDP a vun der SPD kennen, déi immens onzefridden doriwwer wieren, "wat hir Parteien am Europaparlament veranstalten", an awer géife si hinnen trei a loyal verbonne bleiwen. Si ass der Meenung, datt ee sech, wann ee sech dem Parteiprogramm net méi verbonne fillt, och duerchaus kann ofwenden.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Sophie in ‘t Veld
Europawahlen 2019

D'EU-Kommissioun muss méi kleng, méi demokratesch legitiméiert a méi onofhängeg vun de Memberstaate ginn. Dat fuerdert déi liberal hollännesch Europadeputéiert Sophie in 't Veld.

Europawahlen 2019 Analys
Europawahlen 2019

60 Kandidate vun zéng Parteien trieden de 26. Mee bei den Europawahlen hei am Land un. Den Delai fir d'Lëschten ze deposéieren ass ofgelaf. Eng Analys vun de Kandidaten.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen