Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Regele fir Bio-Liewensmëttel

Landwirtschaft

Nei Regele fir Bio-Liewensmëttel

Dräi Joer laang gouf driwwer diskutéiert, elo gouf et een Accord: An der EU ginn et nei Regelen fir d'Bio-Liewensmëttelen. D'Biobauereverbänn an och verschidde Memberlänner ware laang net d'Accord mat der Propos, déi d'Europäesch Kommissioun op den Dësch geluecht hat. D'Regele wieren ze streng, sou d'Kritik. Et gouf nogebessert. Mä villes hänkt nach dovun of, wéi déi praktesch Reglementer dono ausgesinn.

auto_stories

3 min

D'Situatioun war e bëssen op der Kopp: Wéi déi Europäesch Kommissioun virun dräi Joer déi scho laang iwwerfälleg Reform vun de Regelen fir Bioproduite presentéiert huet, hunn ausgerechent d'Verbänn vun de Biobaueren haart dogéint protestéiert. Net, well d'Kommissioun net ambitiéis genuch war, mä well hinnen dës Propos ze wäit gaangen ass.

Een Haaptsträitpunkt: D'Kommissioun wollt dem Konsument Bioproduite garantéieren, déi honnert Prozent fräi vun iergendwelleche Réckstänn vu Pestizide sinn. Dat ass guer net méiglech, sou d'Kritik. D'Biobauere wieren dono responsabel fir den Dréck, deen anerer, zum Beispill hir Nopere maachen.

Lëtzebuerg huet fir nei Regele gestëmmt

Bei just sechs Prozent Bioproduktioun, wier eng Nulltoleranz par rapport zu Pestizid-Réckstänn eng Illusioun, seet de Martin Häusling, däitsche Gréngen, a selwer Biobauer. Hien huet an den Diskussiounen d'Europaparlament vertrueden.

Dräi Joer gouf verhandelt, de leschte Méindeg si sech Kommissioun, Parlament a Memberlänner endlech eens ginn. Um Enn hunn 19 Länner, dorënner och Lëtzebuerg, fir deen neie Kompromëss gestëmmt. Déi nei Regele sinn e klore Fortschrëtt par rapport zur aktueller Situatioun, fënnt de Martin Häusling. An éischter Linne goufen d'Regelen an der EU vereenheetlecht. Virum allem wat den Import vu Bioproduiten ugeet, wier dat wichteg an eng gutt Nouvelle fir d'Biobaueren.

Wat déi kriddeleg Fro vun de Réckstänn ugeet, hätt een ee Kompromëss fonnt, dee viabel ass fir d'Baueren, seet de Martin Häusling. D'Bauere missten am Kader vun hire Méiglechkeeten noweisen, datt si alles ënnerholl hunn, fir Kontaminatiounen ze vermeiden.

Skepsis bei de Bioverbänn

D'Skepsis bei de Verbänn awer bleift. D'Daniela Noesen, d'Direktesch vum Verband Bio-Lëtzebuerg fäert, datt dat neit Regelwierk der Biolandwirtschaft u sech net gerecht gëtt. De Problem vun der Contaminatioun gëtt et och zu Lëtzebuerg, sou d'Daniela Noesen, an awer gi fir si an dësem Punkt déi nei Regelen nach ëmmer ze wäit. Et wier onkloer, ob d'Ëmsetzung vun de Regelen dono net dem Bauer schuede wäert.

Villes géing elo effektiv vum Detail vun der Ëmsetzung ofhänken, an et wäert net einfach ginn, dës Reglementer auszeschaffen, gëtt den däitschen Europadeputéierte Martin Häusling zou.

Substrat an Zukunft am bio verbueden

Och an Zukunft kann ee Betrib béides maachen - bio a konventionell. Och doriwwer sinn d'Bioverbänn net frou.

D'Situatioun ass an den EU-Länner ganz ënnerschiddlech. A Frankräich oder Groussbritannien sinn esou Mix-Betriber ganz gängeg, zu Lëtzebuerg gëtt et dofir esouguer Subventiounen. Och do hätt ee missen ee Kompromëss fannen, seet de Martin Häusling. D'Beräicher missten awer kloer getrennt ginn, dat wier esou festgehale ginn.

Verbueden ass et an Zukunft fir Biobaueren, Zalot oder Kraider op engem Substrat, also net am Buedem ze zillen. Eng gutt Decisioun, seet d'Daniela Noesen. Well de Kreeslaf aus gesondem Buedem, deen nees duerch Planzen an duerch Mëscht vun den Déiere gefiddert gëtt, ass eng Basis vun der Biolandwirtschaft.

D'Kommissioun hätt jiddereen, och d'Verbänn, opgefuerdert, bei der Ëmsetzung matzeschaffen, sot och de Martin Häusling.

Et wäert nach eng Kéier zwee Joer daueren, bis dann endlech dës Detailer um Dësch leien. D'Diskussioune ronderëm déi nei Öko-Direktiv ass also nach net eriwwer.