Schonn elo gëlle fir de Sport "extrem Restriktiounen", bedauert de COSL-President. Den neien Text - deen de Mëtteg dierft gestëmmt ginn - wäert dat "ganz pauschal" nach verschäerfen, stellt den André Hoffmann fest. Momentan wiere schonn déi meescht Competitioune verbueden, just verschidden éischt Ekippen dierfte spillen. Traininge wieren nëmmen zu véier Leit méiglech. "Dat gëtt natierlech duerch déi nei Moossnamen erëm vill méi schwéier."
De President vum COSL ass géint Moossnamen, déi de Sport verbidden. Wann elo och d'Schwämmen zoumaache missten, wier och de private Gesondheetssport betraff, obwuel d'Piscinnen elo scho Protokoller hate fir fir eng gewësse Sécherheet ze suergen.
De COSL hätt sech also eng méi nuancéiert Approche gewënscht, bei den neie Corona-Mesuren am Sportberäich. Datt just déi Spëtzesportler trainéiere kéinten, déi an der Coque trainéieren, wier net koherent.
"Dës Situatioun dierft op kee Fall laang daueren"
Well elo schonn déi zweete Kéier bannent engem Joer de gesamte Sport verhënnert géif ginn, wier et fir d'Sportler "eng ganz schwiereg Situatioun". An dat souwuel bei der Motivatioun, wéi am physesche Beräich, erkläert den André Hoffmann.
"Och wann ee privat probéiert eppes ze maachen, awer ni deen Niveau kann halen, deen een eigentlech misst hunn. (...) Et kënnt dobäi, datt natierlech d'Motivatioun - zemools bei de Spëtzesportler ganz déif steet. (...) An een elo schonn Orientatiounsproblemer gesäit. A mir wësse vun Ofgäng vun héichrangege Sportler am Jugendberäich."
Dës Situatioun dierft op kee Fall laang daueren, fuerdert de COSL-President, well Lëtzebuerg soss mat senger relativ gerénger Populatioun Problemer géif kréien.