Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Alphabetiséierungsklassen fir mannerjäreg Refugiéen

Kritik vum OKAJU

Nei Alphabetiséierungsklassen fir mannerjäreg Refugiéen

Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kritiséiert, datt opmannst 45 onbegleete Mannerjäreger ënner 16 Joer - dovunner siwe Schoulflichteger - net an d' Schoul kéinte goen, obwuel dat hire Wonsch wier. No Ouschtere sollen elo fënnef weider Schoulklasse fir mannerjäreg Refugiéen Land opgoen, seet den Educatiounsministère.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / maxim ibragimov

Lauschterenplay_arrow


Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit bedauert, datt et net genuch Alphabetiséierungsklasse gëtt, an déi allengreesend mannerjäreg Refugiéen awer dacks dohin orientéiert ginn. Dës Alphabetiséierungsklasse géifen och nach nëmmen op zwou Plazen am Land ugebuede ginn. Dat wier eng zousätzlech Erausfuerderung fir déi Jonk, déi op dezentrale Plazen am Land a Foyere wunnen an net alphabetiséiert sinn.

Nei Alphabetiséierungsklass am Norden

De Chef vun der Integratiounsdirektioun am Educatiounsministère Pierre Reding confirméiert, datt et net genuch där Klasse gëtt. Deemno soll no Ouschteren eng zousätzlech Alphabetiséierungsklass am Norde vum Land opgemaach ginn, fir deene Jonken, déi méi dezentral logéiert sinn, d'Weeër ze verkierzen. Op déi Manéier géif een och erëm Sputt am Zentrum kréien.

Niewent der zousätzlecher Alphabetiséierungsklass soll och d'Schouloffer fir alleguer d'Refugiéen ausgebaut ginn. Geplangt sinn zwou weider normal Accueilsklassen am Zentrum an zwou Klasse fir jonk Refugiéen tëschent 16 an 18 Joer am Zentrum an am Norden. Alles an allem solle vun Abrëll un 62 Kanner a jugendlech Geflüchteter do ageschoult ginn, seet nach de Pierre Reding.

Sproochebarrièren duerchbriechen

Eng weider Kritik vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher ass, datt net genuch Ausbildungsklassen op Franséisch oder Englesch ugebuede géife ginn. Och hei soll eng Neierung kommen, seet de Pierre Reding. Wärend bestëmmte Stonne soll een zweeten Enseignant dobäi sinn, dee sech méi op d'Léiere vun der neier Sprooch konzentréiert.

Dës Method hätt sech dem Pierre Reding no am Ausland bewisen. Den Institut national des Langues soll elo deementspriechend Enseignanten dofir ausbilden. Déi Ausbildungsklass soll da vun der nächster Rentrée un ugebuede ginn, heescht et nach aus dem Educatiounsministère.