Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Culture The Kid - Bmw Golf

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Negativtrend vun LSAP: "Kloen op héchstem Niveau"

Gemengewahlen

Negativtrend vun LSAP: "Kloen op héchstem Niveau"

Et wier en "nationalen Trend", datt d'CSV vill Lëschtestëmme géif kréien, seet den LSAP-Parteipresident Claude Haagen. D'LSAP huet just nach an dräi Gemengen eng absolut Majoritéit.

auto_stories

1 min

"D'Lëschtestëmme vun der CSV si massiv an d'Luucht gaangen. Dat schéngt mir sou en nationalen Trend ze sinn", seet den LSAP-Parteipresident Claude Haagen. Bei dëse Gemengewahle wier d'Nationalpolitik mat agefloss. Anescht kéint hie sech déi Entwécklung net erklären.

Datt d'LSAP hir absolut Majoritéit net a fënnef Gemenge kéint halen, gesäit de Claude Haagen net dramatesch. "Mir kloen dann och op héchstem Niveau." D'LSAP wier trotzdeem nach op ville Plaze stäerkste Partei.

Zu Dikrech, wou de Claude Haagen Buergermeeschter ass, behält d'LSAP siwe vun 13 Sëtz. "Et ass net evident, fir eng absolut Majoritéit ze halen. Do muss ee vill dru schaffen." Et wier fir d'éischte Kéier, datt eng absolut Majoritéit zu Dikrech hätt kéinte verdeedegt ginn. D'CSV kritt zu Dikrech ee Sëtz bäi.

Claude Haagenplay_arrow