Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nee zum Stater Heescheverbuet: Konsequenzen fir aner Gemengen

Heescheverbuert

Nee zum Stater Heescheverbuet: Konsequenzen fir aner Gemengen

D'Stad Lëtzebuerg dierf d'Heesche net verbidden, heescht et vun der Inneministerin Taina Bofferding. Lo stellt sech d'Fro op dat Urteel Konsequenze fir Ettelbréck, Dikrech an Diddeleng huet, déi schonn änlech Bestëmmungen an hirem Reglement festgeluecht hunn.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


D'Stad Lëtzebuerg well den "Nee" zum Heescheverbuet net akzeptéieren. Kuerz no der Pressekonferenz vun der Inneministerin huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer ugekënnegt Recours ze maachen.

Den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf seet hie wier perséinlech nach net vum Inneministère wéinst dem Heescheverbuet kontaktéiert ginn an huet och net vir dat Reglement fir seng Gemeng unzepassen.

"Also mir wäerte sécher keng Initiativ huelen. Dat Reglement ass unanime am Gemengerot, mat allen véier Parteie gestemmt ginn, sou dass ech net dovunner ausginn, dass do vun iergend engem vun de lokale Parteimemberen oder Fraktiounsspriecher elo eng Initiative wäert komme fir ze soen: komm mir huelen déi Reglementatioun do eraus."

Averständnis fir d'Ophiewe vum Heescheverbuet

Zu Diddeleng stoung bis elo am Reglement just den Dispositiv, datt d'Gemeng kéint en Heescheverbuet ëmsetzen. De Buergermeeschter Dan Biancalana, erkläert op Nofro hin datt och do, d'Policereglement, ugepasst gëtt an dësen Dispositiv erausgeholl gëtt. E Freideg am Gemengerot géif dann doriwwer ofgestëmmt ginn.

Dat selwecht gëllt fir de Buergermeeschter vun Dikrech, Claude Thill. Och hie wier averstanen, d'Heescheverbuet erëm aus dem Reglement ze huelen - wéilt awer do op den Inneministère waarden.

"Wann do Saache sollten drastoen, déi juristesch net haltbar sinn, dann ass et dem Interieur seng Aufgab d'Gemengen dorobber hinzeweisen dat eraus ze huelen"

Op juristesch Problemer opmierksam maachen

Dat wëll den Inneministère elo och maachen. Nodeems d'Taina Bofferding virun enger Woch d'Heescheverbuet fir d'Stad Lëtzebuerg gekippt huet, well se lo mat de Gemengen a Kontakt komme fir si op déi juristesch Problemer opmierksam ze maachen.

Méi ass awer net méiglech. Well d'Policereglement zu Ettelbréck, Dikrech an Diddeleng virum 1. Januar a Kraaft getruede si kënnen déi Reglementer nodréiglech net méi suspendéiert oder annuléiert ginn. E kéint een de Gemengen och net virschreiwen, d'Heescheverbuet aus dem Reglement erauszehuelen, esou den Inneministere - déi Entscheedung bleift de Gemengen iwwerlooss.