Radioen

On air

Notturno  |  The Free Design - My Very Own Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Natur a Landwirtschaft leiden ënner Wuesstum

Agrikultur

Natur a Landwirtschaft leiden ënner Wuesstum

D'Landwirtschaft misst en eegestännege Ministère behalen, seet de Guy Feyder. D'Agrikultur géif dovunner ofhänken, datt eng Natur funktionéiert, mee Natur a Biodiversitéit géifen ënner dem Wuesstum leiden.

auto_stories

2 min

D'Landwirtschaft wier en essentielle Bestanddeel fir d'Gesellschaft a fir d'Wirtschaft a misst dofir och en eegestännege Ministère behalen. Dem DP-Landwirtschaftsminister seng Decisiounen hätten ëmmer an der leschter Legislaturperiod misse vum Ëmweltministère ofgeseent ginn. Dat wier eng Zort Avant-goût vun deem, wat geschéie géif, wann d'Landwirtschaft an den Nohaltegkeets- an Ëmweltministère géif integréiert ginn, sou de Guy Feyder, Mëllechbauer a Member am Comité vun der Bauerenzentral.

Schnëttstell tëschent Agrikultur an Naturschutz

"Déi modern Landwirtschaft ass net sou schlëmm, wéi gesot gëtt", seet de Mëllechbauer a Member vum Comité vun der Bauerenzentral. D'Nodeeler wiere méi gemoolt, wéi datt se der Wierklechkeet géifen entspriechen. Wéi déi lescht Regierung 2013 entstanen ass hätt de Guy Feyder Hoffnunge gehat, datt d'Fro ëm de Wuesstum vun de gréngen "géif op déi richteg Plaz gesat ginn". Hien hätt awer mat Bedauere misste feststellen, datt dovunner "näischt ze mierke war."

De Reflex an der Regierung wier gewiescht, datt d'Landwirtschaft fir déi Effekter misst bezuelen, déi aner Wirtschaftssecteuren oder d'Gesellschaft zu Lëtzebuerg verursaacht hunn. "Deen Automatismus, oder déi Reflexer, mussen op déi richteg Plaz gesat ginn." Et géife Schnëttstellen tëschent Agrikultur an Naturschutz ginn, mee "déi mussen awer och zur Geltung verhollef kréien."

Natur a Biodiversitéit leiden ënner Wuesstum

Fir de Guy Feyder ass et eng Fro vun der Gewiichtung vun de verschiddenen Interêten, deenen een zu Lëtzebuerg misst Rechnung droen. "Mir hunn ee begrenzten Territoire, op deem mir probéieren ze liewen." D'Agrikultur hätt an der Vergaangenheet ëmmer den Tribut misste bezuele fir d'Entwécklung vun den anere Secteuren.

Et géif een ëmmer méi mierken, datt d'Natur an d'Biodiversitéit ënner der Entwécklung géif leiden. "Dat ass net eleng verursaacht duerch d'Landwirtschaft, mee et ass duerch de Comportement vun der Gesellschaft verursaacht." D'Agrikultur géif awer dovunner ofhänken, datt eng Natur funktionéiert, an et misst een erkennen, datt d'Agrikultur och de volle Präis géif bezuelen. Dofir wier de Schutz vun der Natur esou wichteg. Et misst een erkennen, datt d'Entwécklung vum Wuelstand an d'Erhéijung vun der Kafkraaft kee Selbstzweck a sech kéint duerstellen, esou de Guy Feyder.

Kee Marché fir 100 Prozent Bio

Senger Meenung no géif et kee Marché gi fir integral op Bio ëmzestellen, an et wier de Ruin vun der Landwirtschaft, wann een dat géif vergiessen. Momentan wieren op d'mannst 95 Prozent vun de Liewensmëttel net biologesch produzéiert.

D'Konsumente missten 100 Prozent Bio Produite kafen an domat "déi méi héich Produktiounskäschten och bezuelen". Kee Betrib géif et fäerdegbréngen deier ze produzéieren, mee bëlleg ze verkafen, esou de Guy Feyder.