Radioen

On air

Resonanzen  |  Johannes Brahms (rekonstruéiert vum Jorge Rotter) - Sérénade Nr.1 a Ré Majeur, Op. 11, VI. Rondo. Allegro - Linos Ensembel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nato-Parlamentarier gesi sech zu Lëtzebuerg

Nato Memberstaaten

Nato-Parlamentarier gesi sech zu Lëtzebuerg

Vu Freides bis e Méindeg sinn zu Lëtzebuerg Parlamentarier aus den 31 NATO Memberstaaten beieneen. Dobäi kommen nach eemol Vertrieder aus 25 Partnerstaaten an eng ukrainesch Delegatioun. Fir d'éischte Kéier ass och Finnland bei dëser Assemblée parlamentaire vertrueden.

auto_stories

2 min

Déi grouss sécherheetspolitesch Themen stinn op dëser Konferenz virop mat natierlech als éischt Prioritéit d'Situatioun an der Ukrain. D'Presidentin vun der Assemblée Joelle Garriaud-Maylam huet kloer gemaach, datt d'NATO an dëser Fro komplett Solidaritéit géif bidden.

"Nous examinerons un projet de résolution en soutiens à l'Ukraine et nous continuerons au quotidien de mobiliser l'aide dont l'Ukraine a besoin. Justice doit être faite pour tous les crimes commis par la Russie en Ukraine. Crimes de guerre, crimes contre l'humanité et peut-être même aussi, en tout cas c'est ma conviction personnelle, actes de génocide."

Well d'NATO net nëmmen eng Militärallianz ass mee och aktiv d'Wäerter vun Demokratie an individueller Fräiheet géif verdeedegen, gëtt elo schonn dru geschafft, d'Ukrain nom Krich an hiren demokrateschen Strukturen ze stäerken.

"Notre assemblée a aussi créé un fonds spécial en soutiens à la démocratie ukrainienne et a appelé à l'adoption d'un plan de reconstruction globale, similaire au plan Marshall."

Nieft der Ukrain ass awer och d'Preparatioun vum NATO Sommet an zwee Méint zu Vilnius en Haaptsujet Verdeedegung vun den demokrateschen Prinzippien, d'Roll vu China op der geopolitescher Bün an d'Stäerke vun der NATO Ostflank si weider Themen déi an eenzelen Kommissiounen behandelt ginn. Donieft muss gekläert ginn, wéi d'Positiounen vun der Tierkei an Ungarn en vue vun engem schwedeschen NATO-Bäitrëtt sech bis de Sommet entwéckelen. Um parlamentaresche Niveau wier de Blockage allefalls net esou konsequent wéi bei der Exekutiv.