Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nationalen Trend: DP a Pirate gewannen, CSV, LSAP an déi gréng verléieren

Gemengewalen

Nationalen Trend: DP a Pirate gewannen, CSV, LSAP an déi gréng verléieren

D'CSV bleift stäerkste Partei an de Gemengen. D'LSAP positionéiert sech just nach knapp virun der DP. Déi gréng bleiwe véiertstäerkste Kraaft.

auto_stories

3 min

D'CSV bleift viraussiichtlech stäerkste Partei an de Proporzgemengen. Mat engem Stëmmeverloscht vun iwwer véier Prozentpunkte sinn déi Chrëschtlech-Sozial déi gréisste Walverléirer. Landeswäit kënnt d'CSV op ronn 26 Prozent vun de Stëmmen. D'CSV huet 193 Mandater, 16 manner wéi 2017. D'CSV verléiert hir absolut Majoritéit zu Hesper, kann awer zu Habscht a Rammerech weiderhin eleng regéieren.

D'Sozialiste kréien 21,3 Prozent vun de Stëmmen. Dat sinn zwee Prozentpunkte manner wéi nach 2017, wou d'LSAP och scho Verloschter verzeechent huet. D'Sozialisten hunn 155 Mandater, genau d'selwecht wéi 2017. D'LSAP huet hir absolut Majoritéiten zu Diddeleng a Mäertert gehalen, a kann och elo zu Stengefort a Rëmmeleng eleng regéieren. Par konter huet d'LSAP hir absolut Majoritéit zu Dikrech verluer.

D'DP kënnt op 20,6 Prozent vun de Stëmmen. Déi Liberal gewanne mat ronn zwee Prozentpunkten als eenzeg vun de grousse Parteien. D'DP huet elo 134 lokal Mandater, 26 méi wéi virdrun. Hir absolut Majoritéiten zu Munneref a Bartreng kann d'DP nach ausbauen.

Déi gréng zielen zu de Walverléierer. Si kommen op knapps ënner 13 Prozent vun de Stëmme. 2017 waren et nach iwwer 16 Prozent, dat bescht Resultat wat déi gréng bis ewell bei Gemengewalen haten. Déi gréng verléieren 13 vun hire lokale Mandater an hunn elo nach 64 Sëtz an de Proporzgemengen.

Phänomen Biergerlëschten

Uechter d'Land sinn dës Kéier am Ganzen 35 Biergerlëschten an de Proporzgemengen ugetrueden. Si hunn iwwer siwe Prozent vun de Stëmme krut. 2017 huet dee Phänomeen kaum eng Roll gespillt, mat aacht Lëschten a knapps zwee Prozent vun de Stëmme landeswäit.

Biergerlëschte stinn deels enger Partei oder och méi Parteien no, kënnen awer parteionofhängeg sinn.

Wéi schneiden déi kleng Parteien of?

D'Piratepartei huet elo 13 Mandater an de Proporzgemengen. 2017 waren et just dräi Mandater. Zu Péiténg hunn d'Piraten elo véier Memberen am Gemengerot, duebel sou vill wéi bis ewell. D'Pirate sinn elo fir d'éischte Kéier am Stater Gemengerot vertrueden, grad ewéi zu Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Hesper, Käerjeng, Keel a Monnerech.

D'ADR ass an eelef Proporzgemengen ugetrueden, a krut do néng Mandater. Nei ass d'ADR elo bei an de Gemengeréitt zu Käerjeng a Klierf vertrueden - an och nees an der Stad Lëtzebuerg.

Déi Lénk sinn dës Kéier a siwe Gemengen ugetrueden a kruten do sechs Mandater. Si verléiere jeeweils ee vun hiren zwee Sëtz am Stater, Escher an am Suessemer Gemengerot. Nei sinn déi Lénk zu Schëffléng vertrueden, an hire Sëtz zu Déifferdeng hält d'Partei.

Fokus krut kee lokaalt Mandat. Déi nei Partei ass zu Suessem, Déifferdeng an an der Stad ugetrueden.

Och déi Konservativ ginn eidel aus. D'KPL huet just nach ee Mandat zu Rëmmelng.