Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Chromatics - You're No Good

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nationale Mobilitéitsplang: Och eng Chance fir d'Stad Lëtzebuerg

Fräie Mikro

Nationale Mobilitéitsplang: Och eng Chance fir d'Stad Lëtzebuerg

Beim nationale Mobilitéitsplang 2035, deen de Minister Bausch viru Kuerzem virgestallt huet, geet et ëm e villschichtegt Konzept. Lëtzebuerg muss eng Hausse vun de 40 Prozent vun de Mouvementer par Rapport zum Referenzjoer 2017 opfänken an intelligent geréieren. An dësem Plang gëtt beschriwwen, wéi den ëffentleche Raum mat sengen Infrastrukture landeswäit effikass ze notzen ass.

E puer Gedanken an Iddien dozou vun der Isabelle Medinger, fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.

auto_stories

3 min

Jiddwereen deen hei am Land wunnt a schafft wäert a sengem Alldag ganz direkt mat de Konsequenze vun deem wat aus dësem Plang ervirgeet betraff sinn, ob et em säi Mobilitéitsverhalen, seng Sécherheet oder seng Liewensqualitéit geet.

Wéi bluttnoutwenneg et ass elo direkt déi richteg Weichen ze stellen dierft och jiddwerengem kloer sinn. 2035 ass muer. 40 Prozent méi Verkéier ass enorm. Déi dierfen net dem Auto iwwerlooss ginn an et kann net erëm 15 Joer diskutéiert ginn, seet de Minister richteg.

Et gëtt och keng Mini-Mesurë wann een en risege Problem ze léisen huet. De Raum muss besser genotzt ginn, anescht genotzt ginn. A mir mussen ëmdenken. Eng gutt duerchduechten a performant Infrastruktur soll eis dat vereinfachen. De Plan National de Mobilité huet 200 Säiten an ass lo net an zwee Wieder ze resuméieren.

D'Stad Lëtzebuerg muss déifgräifend Verännerunge virhuelen

Kärstéck sinn zum Beispill Pôle d'Echangen iwwer Land a Knuetepunkten, wou den Auto an den ëffentlechen Transport besser openeen ofgestëmmt wäerte ginn, fir datt den Auto scho virun de Stadkären aus dem Bild verschwënnt. Déi lescht puer Kilometer solle mam Tram, zu Fouss oder mam Vëlo gemaach ginn.

Ëmmer méi europäesch Stied hunn dat ëmgesat an hir Infrastrukturen deelweis radikal ugepasst. Vëlo a Foussgänger kruten de Raum zeréck deen duerch den Auto, dee rullenden an de geparkten, komplett verdrängt war.

An der Stad Lëtzebuerg muss dann och elo direkt an déifgräifend ëmgeduecht ginn. Et ass keng Zäit méi fir hallef Saachen a Fléckwierk. Zënter datt den Tram fiert, - géint dee sech d'Politik Joerzéngte laang gewiert huet - an d'Leit bis virun d'Buttéksdier bréngt, gëtt et scho guer keng Excusë méi net endlech den Turbo anzeleeën. Zemools wou den Tram an den Zuchreseau nach ausgebaut a verbessert gëtt an Obfang Parkinge gebaut ginn.

Parkplaze si keen Zuchpäerd

An der Moyenne transportéiert den Tram 60.000 Persounen den Dag, déi also net méi am Auto de Stadkär zoustauen an 20 mol ronderëm de Block fueren fir eng Parkplaz ze sichen, fir et lo mol iwwerspëtzt ze formuléieren.

D'Place de la Constitution, also "d'Gëlle Fra", e vun de wichtegste Symboler aus eiser Geschicht ass eng Parkplaz! Ma wuer geet ee sou eppes sichen?

D'Politik huet elo de mode d'emploi an der Hand vun enger agreabeler lieweger Stad ouni Autosverkéier am Stadkär.

Contrairement zu deem wat se an der Stad mengen, si Parkplaze keen Zuchpäerd. Et kritt een eng Stad nëmmen animéiert, wa se attraktiv fir d'Mobilité douce ass.

Deelweis si gutt Usätz do an et ass scho vill geschitt, mee mir kéinte vill méi wäit sinn, wann net méintelaang misst all Parkplaz negociéiert ginn a wann eng reell volontaristesch Politik géif bedriwwe ginn, no reellen urbanistesche Moossstief. Beton ass nach keng schéi Plaz, e Schëld ass nach keng Zone de rencontre a wäiss Faarf nach keng Vëlosstrooss. Et ass weder fir de Cyclist attraktiv, nach geet et vum Automobilist verstanen an acceptéiert well d'Infrastruktur et net hiergëtt. Et schaaft just weider Animositéiten ënnereneen. Vun der Sécherheet mol guer net ze schwätzen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren.