Radioen

On air

Notturno  |  The Lemon Twigs - Any Time Of Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nationale Klimaplang: Bei der Wuesstemsfro ginn d'Meenungen auserneen

Klimapolitik

Nationale Klimaplang: Bei der Wuesstemsfro ginn d'Meenungen auserneen

Enn Juli huet de Regierungsrot den iwwerschaffte Projet vum PNEC ugeholl. D'Regierung zitt e positive Bilan zum PNEC, nodeems d'Emissioun vun den Zäregase fir en drëtt Joer hannereneen erof gaangen ass. Fir d'Zil vun enger geplangter Reduktioun vu 55 Prozent bis 2030 ze erreechen huet awer missen nogeschäerft ginn. Ëmweltverbänn weisen sech skeptesch, datt dat Zil iwwerhaapt kann erreecht ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Regierung huet an hirem eegene Bilan missen zouginn, dat et zwee Beräicher ginn an deenen d'Emissiounen nëmme wéineg réckleefeg waren, dat sinn d'Gebaier an déi kleng a mëttel Industrie. D'Schwéierindustrie ass jo wéinst dem Emissiounshandel guer net am PNEC berécksiichtegt.

Defi vun der Renovatioun

De Georges Gehl vun der Direktioun Klima an nohalteg Entwécklung am Ëmweltministère erkläert, datt et bei de Gebaier haaptsächlech den Defi vun der Renovatioun wier, dee schwiereg ass, souwuel finanzieller wéi praktescher Natur

"Et gi Schwieregkeete well et ganz ënnerschiddlech Bestëmmungen an de kommunale Bautereglementer ginn an do sinn elo och eng ganz Rei vun neien Usätz am PNEC dran."

Dozou gehéiert zum Beispill eng Standardiséierung vu de betreffenden Texter an de Bautereglementer.

Klimaprimme sozial staffelen

Bedenke kommen awer och vun der Plattform fir Klimaaktioun, hei ass et virun allem d'Suerg ëm déi sozial Akzeptanz vun de Klimamesuren. D'CO2 Steier fléisst jo zur Hallschent an e Fong mat dem Klimaprimme fir Fotovoltaik oder Wärmepompele finanzéiert ginn, déi Primme wieren awer net sozial gestaffelt.

De Georges Gehl erkläert awer, datt zanter Kuerzem en Instrument a Kraaft wier fir nach en sozial gestaffelten Top-Up zu dëser Primm ze ginn, fir Leit oder Stéit déi dann effektiv manner bemëttelt si fir deenen nach eng Kéier zousätzlech ënnert d'Ärem ze gräifen. Et géif och doriwwer nogeduecht ginn iwwer e Virfinanzéierungsmechanismus fir déi Primmen, datt d'Leit net als éischt dee Subside musse virstrecken.

D'Meenunge ginn auserneen

Et wëll ee bei der CO2 Steier bei de fënnef Euro Schrëtt pro Tonn a Joer bleiwen, villen Ëmweltorganisatioune geet dat net wäit genuch. Dem Tanktourismus wier deemno mat engem Cent de Liter Oppräis pro Joer net bäizekommen.

Elementar ass d'Kritik déi de Mouvement écologique opwerft, datt et kontraproduktiv wier den ekonomesche Wuesstem als Prämiss ze huele fir de Klimaschutz ze finanzéieren. Dat wier eng Fro wou d'Meenunge kloer géifen ausernee goen, fënnt de Georges Gehl.

"Dat ass och elo dee Moment wou d'Klimaplattform hiren Avis verfaasst huet zum Avant-projet vum PNEC nach eemol zur Diskussioun komm an do ass ganz kloer dokumentéiert mam Avis dat do d'Meenungen ausernee ginn."

Et wier och festgehale ginn, datt Thema bei der Rentrée verdéift behandelt gëtt, betount de Georges Gehl weider.

Et bleift also nach Gespréichsstoff, als nächst muss de Projet mol nach zu Bréissel aviséiert ginn.