Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ National Politprominenz um lokalen Terrain: d'Resultater

Gemengewalen 2023

National Politprominenz um lokalen Terrain: d'Resultater

Wéi schléit sech d'Lëtzebuerger Politprominenz an de Gemengewalen? Si sinn aktuell oder fréier Deputéiert, stoungen déi lescht Jore speziell am Fokus oder hu mat Gedäisch d'Partei gewiesselt. Fir den André Bauler (DP) an de Gilles Roth (CSV) war et e gudde Walsonndeg, fir den Emile Eicher (CSV) an de Guy Arendt (DP) manner.

auto_stories

9 min

Eng Ministesch op drëtter Plaz

D'Familljeministesch Corinne Cahen ass an de Stater Gemengerot gewielt ginn. Allerdéngs just op der 3. Plaz vun der DP-Lëscht, hannert der Buergermeeschtesch Lydie Polfer an hirem Schäffen a Co-Spëtzekandidat Patrick Goldschmidt, mat iwwer dausend Stëmme Réckstand. D'DP huet en zéngte Sëtz gewonnen. D'Stad bleift blo.

Fir de Serge Wilmes, de Senkrechtstarter vun 2017, war et en Dämpfer. D'CSV verléiert 4,5 Prozentpunkten (op 20,6%) an de 7. Sëtz. Dobäi koum et awer och zu engem klenge Generatiounswiessel. De Laurent Mosar fällt op déi 5 Plaz bei der CSV, hannert dem Elisabeth Margue.

De François Benoy hält mat Déi Gréng fënnef Sëtz, trotz liichte Verloschter.

Fir de Marc Ruppert, President vu Focus a fréiere Generalsekretär vun der DP, waren d'Gemengewale keng gelonge Generalprouf: 2,4% a kee Sëtz bleiwen um Enn.

De roude Süden ass nach net Geschicht

Zu Esch stounge mam Député-Maire Georges Mischo (CSV), dem Deputéierte Pim Knaff (DP) an dem Déi Gréng-Co-President Meris Sehovic dräi national Politiker um Start. Am zefriddenste kann de Pim Knaff sinn, deem seng DP liicht bäileeë konnt an zwee Sëtz gehalen huet. Dem Georges Mischo seng CSV gouf knapp bestätegt, mat weider sechs Sëtz. Déi Gréng verléieren dogéint den drëtte Sëtz. De Meris Sehovic gëtt sou just als Éischte gewielt.

D'Députée-Maire Simone Asselborn-Bintz huet fir d'LSAP siwe Sëtz zu Suessem gehalen, och wa si net grad un d'Resultat vun hierem Virgänger Georges Engel rukomm ass.

Nach besser huet et de Dan Biancalana zu Diddeleng gemat, deen der LSAP hier absolut Majoritéit ob en Neits verdeedegt huet. D'Deputéiert Semiray Ahmedova huet zwar mat Déi Gréng den 21. Sëtz gehalen, mä 3,8 Prozentpunkten op 9,7% verluer.

De Felix Eischen gestäerkt, de Marc Lies brauch e Partner

De Felix Eischen (CSV) kënnt zu Kiele gestäerkt aus de Walen. Dem Député-Maire seng CSV leet knapp sechs Prozentpunkte bäi op 42,0%. Zu Hesper verléiert d'CSV zwar liicht vu 45,5 op 42,8%, mä verléiert hier absolut Majoritéit. Si hält zwar aacht Sëtz, mä de Gemengerot ass vun 15 op 17 méi grouss ginn. Den Député-Maire Marc Lies bleift Éischtgewielten, virun der Deputéierter Diane Adehm. D'DP mam Deputéierten Claude Lamberty leet och liicht bäi a kritt e 4. Sëtz.

Mam Jean-Marie Halsdorf bleift d'CSV zu Péiteng stäerkste Kraaft, mä verléiert zwee Sëtz op lo nach sechs. Deen aneren Deputéierte vu Péiténg, de Marc Goergen, huet d'Pirate vun zwee op véier Sëtz gefouert. Si sinn domadder drëtt politesch Kraaft zu Péiteng, hannert der LSAP mat 5 Sëtz.

Den Deputéierte Charles Margue (Déi Gréng) ass zu Lëntgen op enger vun zwou Biergerlëschten an de Gemengerot gewielt ginn. Di Nei Ekipp krut véier Sëtz, Engagéiert Bierger Lëntgen fënnef an d'DP zwee, an der neier Proporzgemeng.

De Max Hahn gewënnt zu Dippech mat senger DP-Lëscht ronn 4 Prozentpunkten op 24,1% an en 3. Sëtz. Bei der perséinleche Stëmmen kommen der a sechs Joer 74 dobäi, op 1.174.

DP mam Carole Hartmann gestäerkt

Mam Carole Hartmann huet d'DP gutt Chancen, eng Députée-Maire am Osten ze kréien. Zu Iechternach féiert d'Deputéiert hier Lëscht op déi éischt Plaz mat engem Plus vun iwwer 10 Prozentpunkten op 31,5%. Wéi d'CSV an d'LSAP krut d'DP dräi Sëtz. De Buergermeeschter Yves Wengler, deen als SIGI-President huet missen zeréck trieden, gëtt op der CSV-Lëscht just nach Zweeten. De Christophe Origer, deem säi Wiessel vun der CSV bei Déi Gréng, der CSV/LSAP-Koalitioun hier Majoritéit kascht huet, gouf als Éischte bei Déi Gréng gewielt, mä seng Partei huet 5,7 Prozentpunkten an den 3. Sëtz verluer.

Den aneren Ost-Deputéierte vun de DP, de Gilles Baum, ass zu Jonglënster Zweeten op der DP-Lëscht ginn. 2017 war hien nach Éischten. Deemols krut d'DP allerdéngs just véier Sëtz, dëst Joer fënnef. Si ass domadder stäerkste Partei.

D'Fraktiounscheffin vun Déi Gréng, Josée Lorsché, kann zu Beetebuerg déi zwee Sëtz halen, wann och mat 2,6 Prozentpunkte manner a 14,1%. Dem Deputéierten a fréiere Minister Marc Spautz seng CSV verléiert zu Schëffleng, wéi d'LSAP, Stëmmen. Mä d'Sozialiste bleiwe bei sechs Sëtz, wärend déi Chrëschtsozial op fënnef Falen. De Marc Spautz, bis elo Schäffen, ass hannert dem Buergermeeschter Paul Weimerskirch als Zweeten gewielt.

D'CSV-Gréisste Schaaf an Eicher ofgestrooft

Fir d'CSV-Député-Mairen Jean-Paul Schaaf an Emile Eicher ass et en haarde Walsonndeg. Zu Ettelbréck gëtt d'CSV just nach zweetstäerkst Partei, hannert der LSAP. De Jean-Paul Schaaf war zënter 20 Joer Buergermeeschter. Zu Clierf verléiert de Syvicol-President Emile Eicher net nëmmen dräi Sëtz an d'absolut Majoritéit, mä seng Partei kritt hannert enger Biergerlëscht just nach déi zweet Plaz.

Besser ass et dem Léon Gloden zu Gréiwemaacher ergaangen. Seng CSV leet nach emol bäi an hält hir fënnef Sëtz. Och d'Députéiert Tess Burton hält mat der LSAP zwee Sëtz mat engem liichte Plus.

De Michel Wolter konfirméiert, d'Jessie Thill gestäerkt

De Retour an d'Gemengepolitik ass fir den Deputéierte Guy Arendt (DP) eng Entäuschung. De fréiere Walfer Buergermeeschter a fréiere Staatssekretär fir Kultur verléiert mat senger Partei zwar just 1,2 Prozentpunkten (25,5%), mä virun allem de 4. Sëtz am Gemengerot. Mat 1.285 perséinleche Stëmme läit de Guy Arendt wäit vun den 2.005 vun 2011 wech. Besser ass et fir d'Deputéiert Jessie Thill (Déi Gréng) gelaf, déi a sechs Joer vu 593 op 1.409 perséinlech Stëmme klëmmt. Déi Gréng wannen 2,8 Prozentpunkten (op 21,7%) an en 3. Sëtz. Och fir den CSJ-President Alex Donnersbach (CSV) war et e gudde Walsonndeg. Hie gëtt hannert dem Buergermeeschter François Sauber zweeten op der CSV-Lëscht, déi 3,2 Prozentpunkte (op 37,8%) bäileet a bei 5 Sëtz bleift. D'CSV-Déi Gréng-Koalitioun baut hir Majoritéit deemno aus.

De Michel Wolter (CSV) bleift zu Käerjeng fest am Suedel, wann och mat Verloschter. Seng Partei bleift bei 7 vu 15 Sëtz, verléiert awer 3,4 Prozentpunkten op 37,0%. Bei der perséinleche Stëmme verléiert hien der 209 op 3,365. Säi Koalitiounspartner Déi Gréng verléiert ee Sëtz (op just nach een) an 3,7 Prozentpunkten (op 10,1%). Och d'LSAP, déi vum Fraktiounspresident Yves Cruchten ugefouert gouf (2.488 perséinlech Stëmmen, e Minus vun 206), verléiert ee Sëtz (op nach véier) a 5,6 Prozentpunkten (op 26,4%). Zu de Gewënner gehéiert den Deputéierte Fernand Kartheiser, dee fir d'ADR (8,1%) nei an de Gemengerot zitt. Och d'Piraten (8,2%) kréien fir déi éischte Kéier e Sëtz.

De Pol Holweck, de President vun der Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampech, déi sech laang Joer géint d'Vakanzenduerf beim Séi agesat huet, huet et net an de Gemengerot vu Wäiswampech gepackt. Hien ass bei de Walen Zéngte ginn. Fir den 9. Sëtz am Gemengerot feelen him véier Stëmmen. Éischtgewielten ass de Claude Daman ginn. De Gemengerot gouf bal komplett erneiert. Den aktuelle Buergermeeschter Henri Rinnen, deen zënter 1995 un der Spëtzt vun der Gemeng stung, war, wéi seng Schäffen, net méi ugetrueden. Schonns 2017 war hie just nach als Véierte gewielt ginn, hat awer trotzdeem eng Majoritéit am Gemengerot zesumme kritt. 2017 war de Pol Holweck als 8. an de Gemengerot gewielt ginn. Seng Fra, d'Danièle Patz war awer Zweetgewielten, sou datt hie säi Mandat net untriede konnt. D'Vakanzenduerf huet an der Zwëschenzäit all néideg Autorisatiounen, fir gebaut kënnen ze ginn.

De Gilles Roth souverän, den André Bauler iwwerrascht

Zu Mamer geet den Député-Maire Gilles Roth (CSV) gestäerkt aus de Walen. Seng Partei kënnt op 45,1% (+3,7) an och bei de perséinleche Stëmme leet hie staark bäi. Gestäerkt gouf och säi Schäffe Luc Feller, deen a senger Roll als Haut-Commissaire à la protection nationale wärend der Pandemie national bekannt gi war. Fir d'éischt ugetruede bei de Gemengewale sinn zwou Deputéierten: D'Francine Closener, d'Co-Presidentin vun der LSAP, gëtt Zweetgewielten hannert dem 1. Schäffe a fréieren Deputéierte Roger Negri; d'Djuna Bernard, d'Co-Presidentin vun Déi Gréng, gëtt Éischtgewielte op hirer Lëscht. Mä wärend d'LSAP 2,2% gewënnt (op 22,8%) hunn Déi Gréng 7,2% (op 19,0%) verluer. D'CSV-LSAP Koalitioun gouf schonns fir déi nächst sechs Joer confirméiert. De Mamer Gemengerot ass vun 13 Sëtz bis elo op 15 Sëtz gewuess.

Den Deputéierten André Bauler (DP) ass zu Ierpeldeng Éischtgewielte ginn. An enger éischter Reaktioun vis-à-vis vum radio 100,7 huet hie sech "iwwerrascht" gesot. De fréiere Buergermeeschter (2011 bis 2013) war 2017 net bei de Walen an der Majorzgemeng ugetrueden. Den André Bauler war am Dezember 2013 Staatssekretär ginn, an huet d'Mandat als Buergermeeschter opginn. Hien ass awer no véier Méint aus gesondheetleche Grënn aus der Regierung zeréckgetrueden.

Den aktuelle Buergermeeschter vun Ierpeldeng, Claude Gleis (CSV), ass als Zweete gewielt ginn, mat 36 Stëmme manner wéi den André Bauler. Och wann déi zwee Éischtgewielten an enger Partei sinn, si si net mat ganzen Ekippen ugetrueden. Dem radio 100,7 sot den André Bauler: "Ech wäert den Owend nach Kontakt mam Buergermeeschter Claude Gleis ophuelen, an da wäerte mer iwwer déi nächst Schrëtt zesumme beroden. Zu Ierpeldeng hate mir am Fong ëmmer déi Logik, datt et der Rei no geet."

Déi éischt Reaktioun vum André Baulerplay_arrow


De Frank Arndt trotz Enquête, d'Stéphanie Weydert och ouni CSV

De Buergermeeschter vu Wolz, de Frank Arndt (LSAP), bleift de beléifteste Politiker vu Wolz, mee verléiert, wéi seng Partei, Plommen. De fréieren Deputéierten war déi lescht Méint an der nationaler Aktualitéit, well d'Justiz an e puer Dossiere géint hien enquêtéiert. Hie behaapt sech op seng Onschold. D'LSAP fält vu 45,5% op 38,6% a verléiert ee Sëtz op fënnef. De Buergermeeschter fält vun 1.816 perséinleche Stëmmen op 1.592. De verluerene Sëtz geet un d'DP, déi der elo dräi huet. D'CSV bleift bei fënnef Sëtz. Wolz gouf bis elo vun enger grousser Koalitioun tëscht LSAP (sechs Sëtz) an CSV (fënnef Sëtz) gefouert.

D'Stéphanie Weydert dierft zu Rouspert-Mompech Buergermeeschteg bleiwen. D'Co-Generalsekretärin vun der CSV ass net op enger CSV-Lëscht. mee mat der Biergerlëscht "Fräi Lëscht - Är Leit fir Rouspert-Mompech" ugetrueden an als éischt gewielt ginn. D'Fräi Lëscht huet siwe Sëtz kritt, d'DP déi aner véier. Et war déi éischt Wal nom Proporzsystem zënter der Fusioun vu Rouspert a Mompech. D'Stéphanie Weydert huet de Buergermeeschterposten 2022 vum Romain Osweiler iwwerholl, deen net méi ugetrueden ass.