Covid-19-Impfung National Ethikkommissioun géint partiell Impfflicht

Déi national Ethikkommissioun ass géint d'Propos vum Expertegrupp, deen d'Impfflicht fir Bierger iwwer 50 Joer a fir d'Fleege- a medezinescht Personal recommandéiert. Dat geet aus engem Avis vun der Ethikkommissioun ervir, deen dem radio 100,7 virläit. Wann eng Obligatioun géif agefouert ginn, dann dierft déi Responsabilitéit net op de Schëllere vun engem Grupp eleng leien.

Carole Schimmer / cbi

Covid-19 Impfung
Wäert et zu Lëtzebuerg eng Impfflicht géint Covid-19 ginn? D'Ethikkommissioun ass géint eng partiell Impfflicht. Foto: picture alliance / Pacific Press | Md Saiful Amin

Lauschteren


Et wier net un der Ethikkommissioun ze decidéieren, ob eng Impfflicht agefouert soll ginn oder net, mee et wier un der Politik déi Fro ze tranchéieren. Den Ethikrot wëllt awer d'Krittäre vun enger eventueller Aféierung analyséieren.

A sengem Avis schwätzt d'Ethikkommissioun sech géint d'Propos vum Expertegrupp aus - virun allem géint de Krittär vun der Altersgrenz: de Prinzip vun der Solidaritéit tëschent de Generatioune kéint esou fragiliséiert ginn.

Ethikkommissioun géint Sanktioune fir en Deel vun der Bevëlkerung

Bierger, déi net zu deem Grupp gehéieren, kéinten duerch eng partiell Impfflicht manner motivéiert gi fir sech impfen ze loossen a fir sech un déi sanitär Moossnamen ze halen. Weider mengt d'Ethikkommissioun, datt ee keng Sanktioune kéint virgesinn, déi nëmme fir Leit iwwer 50 a fir vulnerabel Leit gëllen - also net fir jiddwereen.

Och wann de Risiko u Covid-19 fir Leit ënner 50 manner héich ass, dierft een de Risiko vu Long-Covid bei jonke Leit net ignoréieren. Déi national Ethikkommissioun weist weider drop hin, datt d'Impfflicht net nëmme fir Residenten, mee och fir Frontaliere misst virgeschriwwe ginn. Een 2G-System op der Aarbechtsplaz géif da fir jiddweree gëllen, egal wéi engem Land e wunnt.

Well Mannerjäreger bei dëser Decisioun vun hiren Elteren ofhänken, misst eng eventuell Impfflicht eréischt vun 18 Joer u gëllen.

Déi individuell Fräiheete verdeedegen

D'Ethikkommissioun ënnersträicht, datt d'Fräiheet ee Grondrecht wier, mee dës Fräiheet wier keng absolut Valeur: et géif net drëms goen déi individuell Fräiheet ze verdeedegen, mee déi individuell Fräiheeten.

D'Recht op d'Gesondheet an op d'Liewe vun deenen anere kann iwwer dem Prinzip vun der physescher Integritéit leien.

Et wier ethesch inacceptabel, datt verschidde Bierger, déi sech net wëllen impfe loossen, d'Ressourcë vum Gesondheetssystem bis u seng Limitten notzen, an aner Patiente wéinst der Iwwerlaaschtung vun de Servicer op eng chirurgesch Interventioun musse verzichten.

Méi zum Thema

Gilbert Pregno
Gesellschaft

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fënnt et wier am Moment net dee richtegen Zäitpunkt fir eng Impfflicht anzeféieren. Seng Kommissioun wier awer net grondsätzlech géint eng Impfflicht, esou den CCDH-President.

Nathalie Oberweis
Positioun zur Impfflicht

​Déi Lénk wëllen am Moment nach net mat op de Wee vun enger Impfflicht goen. D'Deputéiert Nathalie Oberweis seet, hir Partei géif déi obligatoresch Impfung awer net prinzipiell fir ëmmer ausschléissen.

Ëffentlech Chamberdebat
Coronavirus

D'Regierung huet nach keng offiziell Positioun iwwer eng méiglech Corona- D'LSAP wiert sech nach géint eng limitéiert Impfflicht, DP an déi gréng sinn awer bereet op de Wee ze goen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen