Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Will Smith - Gettin' Jiggy Wit It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nach ze fréi fir den Impakt op den Immobiliëmaart ze moossen"

Immobiliëmaart

"Nach ze fréi fir den Impakt op den Immobiliëmaart ze moossen"

Et wier nach ze fréi fir den Impakt vun der Corona-Pandemie op den Immobiliemaart ze moossen, seet de Jean Paul Scheuren. Dem President vun der Chambre Immobilière no hätt kuerzfristeg Krisen och normalerweis just e kuerzfristegen Impakt. Hie géif sech aner Suerge maachen.

auto_stories

2 min

De Jean-Paul Scheuren

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


An zwar wéi d'Betriber an d'Salariéen an dem Secteur am beschten duerch d'Corona-Kris kommen. Den Ament sinn d'Chantieren zou an et kënnen och keng Visitte vun Immobilie gemaach ginn.

Télétravail géif do näischt hëllefen, bedauert de Jean-Paul Scheuren. Och no der Krise missten d'Salaire garantéiert bleiwen. Dofir misste Mesurë fir d'Independanten elo verständlech sinn. Et misst een och domat rechnen, datt och no enger Reprise net "vun haut op" muer erëm "business as usual" wier. D'Betriber bräichten dono eng Zäit fir nees un d'rullen ze kommen. Da muss een och domadder rechnen datt d'Betriber sech mussen op d'Reprise astellen. Den éischten Dag "wou mir nees ufänke mat schaffen" wäerten net d'Revenuen afléissen, sou de Jean-Paul Scheuren.

Vill Onkloerheeten iwwer d'Prozeduren

Onkloer wier och wat mat de Prozedure wéi de PAGen de Baugeneemegungen oder den Delaie vun de Verträg geschitt, esou nach de Präsident vum Interesseverband vun Immobilienagenten, Promoteuren a Syndikater. "Do muss een och kucke fir do am Gesetz eng generell Reegel ze huelen, fir ze wëssen, wéi ee mat deene Saachen do ëmgeet."

De Jean Paul Scheuren bleift awer positiv. Haut wieren alleguer d'Instrumenter en place fir den negativen Impakt op d'Ekonomie ofzefiederen esou de Präsident vu der Chambre Immobilière. Déi Investisseuren déi elo géife verkafen hätten näischt verstanen.

"Een deen e bëssen intelligent ass, dee versteet, datt een net um déifste Punkt vun engem Kris verkeeft. Also déi déi elo fortlafen, déi hätt besser gehat guer net an de Marché eranzegoen. Dat ass meng Meenung."

Dem Jean Paul Scheuren no wäert de Finanziellen Impakt op den Immobiliësecteur awer grouss sinn. Et wier um Staat sech do Gedanken ze maachen.