Radioen

On air

Kultur um 5  |  Not to be messed with

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nach vill Aarbecht"

Klimapolitik

"Nach vill Aarbecht"

De President vun der Handelskammer, Luc Frieden, fuerdert Steiererliichterunge fir Betriber, déi a Klimaschutz investéieren. D'Regierung misst d'Wirtschaft bei der ecologescher Transitioun besser begleeden.

auto_stories

4 min

De Luc Frieden plaidéiert dofir déi wirtschaftlech Transitioun a Richtung Klimaneutralitéit ze konkretiséieren. Ouni konkret Léisunge fir déi verschidde Secteure wieren d'Klimaziler just Theorie. D'Betriber wiere bereet fir op de Wee a Richtung Klimaneutralitéit matzegoen: D'Manéier, wéi d'Regierung dëse Ëmstellung begleet, kéint awer nach "verbessert" ginn.

Fir de President vun der Handelskammer spillen d'Fuerschung an ëffentlech Investissementer eng wichteg Roll. Néideg wieren nieft enger CO2-Steier dann awer och Steiererliichterunge fir Betriber, déi a Klimaschutz an an d'Digitaliséierung investéieren. An dat misst déi blo-rout-gréng Regierung trotz der ugespaanter budgetärer Situatioun maachen, sou de Plaidoyer.

Budget: Spueren! Mee wou?

Steieren eropsetze fir d'Käschte vun der Corona-Kris ze finanzéieren hält de President vun der Handelskammer par konter fir dee falsche Wee. De Staat misst amplaz seng Ausgabe reduzéieren. Wou genau misst gespuert ginn, wollt de Luc Frieden awer net net präziséieren.

Datt déi DP, LSAP an déi gréng virun den nächste Chamberwahlen 2023 keng grouss Steierreform méi géifen envisagéieren, kéint hie verstoen. Manner Versteesdemech huet de Luc Frieden dofir, datt d'Grondsteierreform respektiv eng Spekualtiounssteier nach ëmmer op sech waarde loossen. Et wier "an engem Solidaritéitseffort richteg an noutwenneg" fir géint Spekulatioun op Bauterraine virzegoen a fir eidele Wunnraum ze mobiliséieren. Et misst een awer genau kucken, wat den Effet vun esou steierleche Mesuren an der Praxis genau ass.

Logement: "Akute Problem"

De Logementsproblem wier och aus Siicht vun de Betriber "akut". Et misst méi séier an och méi héich gebaut ginn, sou d'Fuerderung. Steierlech Mesuren eleng géifen de Logementsproblem a sengen Aen net léisen. Déi kritesch Positioun vun der Handelskammer par rapport zur Reduktioun vum sougenannten "Taux d'amortissement accéléré" wier awer net "onverännerbar".

De Luc Frieden seet sech iwwerzeegt, datt wéinst dëser steierlecher Subventioun vun Immobilieninvestissmenter méi Wunnenge gebaut goufen. Wann ee lo zur Conclusioun kéim, datt duerch steierlech Avantagë fir Immobilieninvesstisseure d'Logementspräisser ugefeiert ginn, da stéing d'Hanndelskammer där Diskussioun awer "grondsätzlech ganz oppe" géintiwwer.

Business mat den USA...a China!

De Luc Frieden ass och President vun der BIL, déi zu 10 Prozent dem Lëtzebuerger Staat an zu 90 Prozent der chinesescher Legends Holding gehéiert. Déi geopolitesch Tensiounen tëscht den USA a China géif hien an dëser Positioun net spieren. Déi chinesesch Aktionnäre géife sech och aus dem Dagesgeschäft vun der Bank eraus halen.

De franco-Lëtzebuergeschen Expert François Heisbourg hat rezent virun enger Zouspëtzung vum Muechtkampf tëscht den USA a China gewarnt. Dat géif fir déi aner Länner bedeiten, datt se sech wirtschaftlech entweder op déi eng oder déi aner Säit misste schloen.

De Luc Frieden gesäit dat anescht - Lëtzebuerg kéint a sengen Ae mat béide Länner intensiv Wirtschaftsrelatioune fleegen: "Mir si pro-amerikanesch, wat net heescht, datt ee muss anti-chinesesch ze sinn".

Eng Ausnam wieren hei eventuell sécherheetsrelevant Secteuren. Datt d'Post fir hir 5G-Infrastruktur wéinst dem Drock vun den USA net mat der chinesescher Firma Huawei zesumme schafft, kéint hien novollzéien.

Keng Kandidatur bei de Chamberwahlen

De fréieren CSV-Minister envisagéiert kee Retour an déi national Politik: "Et ass net meng Intentioun bei den nächste Wahlen unzetrieden".

Par konter wier de Luc Frieden interesséiert fir EU-Kommissär ze ginn - de Fall gesat, datt d'CSV nees an eng Regierung kéim an ee Kandidat fir dëse Poste kéint proposéieren.