Nach schéngen d'Restriktiounen ze gräifen, seet de Paul Wilmes. Wann och e bësse manner gutt wéi virdrun: d'Hausse vun den Neiinfektiounen déi lescht Deeg géif drop hiweisen, datt d'Leit sech net méi onbedéngt un all d'Mesuren halen. Wann d'Leit sech drun hale géifen, da géif d'Courve méi flaach verlafen, mengt de Wëssenschaftler.
Et ass also e Schlësselmoment, fir de weidere Verlaf vun der Pandemie. Wann een net oppasst, kéinten d'Fallzuele séier nees exponentiell wuessen, warnt de Paul Wilmes. An dat wier fatal, well déi nei, méi aggressiv Varianten onweigerlech zu méi schwéiere Krankheetsverleef, an also och zu méi Hospitalisatiounen, Intensivpatienten a leschten Enns och zu méi Stierffäll géife féieren.
"Eis Projektioune ginn an d'Richtung, datt een ufanks Mee - wann déi Tendenz elo géif weiderlafen - mat dagdeeglechen Infektiounszuelen ëm déi 370 misst rechnen."
Et sollt ee sech och net vun de leschte Resultater vun der Coronastep-Etüd täusche loossen, déi gëschter publizéiert goufen. Zwar ass am Landesduerchschnëtt déi niddregst Virusprevelanz am Ofwaasser zanter Mëtt Oktober zejoert festgestallt ginn. De Paul Wilmes weist awer drop hin, datt et grouss regional Ënnerscheeder ginn.
