Liewensmëttel, Drénkwaasser, Zelter. 600 Dausend Mënschen huet Care Lëtzebuerg scho gehollef, sot de Frédéric Haupert, Direkter vun der Hëllefsorganisatioun. D'Versuergung an de Flüchtlingscampen, virun allem am Nordweste vu Syrien, wier awer schwéier. Do géif et och vill informell Campen ginn.
Et wieren eng Rei Campen an de lokalen Autoritéiten zur Verfügung gestallt ginn. Déi géifen awer bei wäitem net duer goe fir 2,3 Millioune Mënschen opzehuelen, déi an der Regioun no Hëllef sichen. Et wieren och vill Leit déi allgemeng den Autoritéiten net géifen trauen, erkläert de Frédéric Haupert.
Mutipel Kris an der Regioun
De Frédéric Haupert warnt virun enger multipeller Kris an der Regioun. An der Tierkei wier d'Situatioun déi mat der Inflatioun an enger Wirtschaftskris allgemeng schwiereg gewiescht.
A Nord-West Syrien hätte si eng 600 Verdachtsfäll vu Cholera. Et wieren eng Rei Stierm gewiescht, déi virdru schonn déi Leit an de Campen getraff hätten.
Haaptprioritéit ass déi hygienesch Versuergung
Déi kuerzfristeg Hëllef, direkt nom Äerdbiewe wier vun der internationaler Communautéit quasi ganz ofgedeckt ginn. Op laang Dauer géif dat anescht ausgesinn. Hien fäert datt nëmme siwe Prozent vun dem wat gebraucht gëtt, bis elo finanzéiert wier.
De Frédéric Haupert ënnersträicht, datt déi Haaptprioritéit fir si elo Drénkwaasser an am allgemenge proppert Waasser wier. Toilettë wieren och ee ganz grousse Besoin an der Tierkei wéi och a Syrien, wou d'Situatioun schlicht katastrophal wier.
Experten no, wier et gläichzäiteg och wichteg, den Iwwerliewenden nom Äerdbiewe mat psychologescher Hëllef ze ënnerstëtzen.