Entwécklungshëllef Myanmar: "komplex, oniwwersiichtlech a geféierlech Situatioun"

De Militärputsch viru knapp zwee Méint a Myanmar an d'Entwécklungen duerno hunn och een Impakt op d'Entwécklungshëllefsprojete vu Lux-Development. D'Situatioun am südostasiatesche Land wier "ganz komplex, oniwwersiichtlech an deelweis geféierlech", esou Enn vun der leschter Woch de Gaston Schwartz, de General-Direkter vun der Agence.

Serge Kesseler / cbi

Myanmar
Foto: picture alliance / NurPhoto | Ceng Shou Yi

Wéinst der Entwécklung am südostasiatesche Land huet och Lëtzebuerg reagéiert, wat d'Entwécklungshëllefsprojeten ugeet: an dat scho virun der neier Well vu Gewalt de Weekend. Nach géifen d'Projete lafen, esou Enn vun der leschter Woch de Generaldirekter vu Lux-Dev.

Projet aus dem Tourismus-Beräich gëtt fréizäiteg gestoppt

Et hätt een awer Instruktioune vum Kooperatiounsministère kritt fir en éischte Projet aus dem Tourismus-Beräich éischter zouzemaachen, wéi geplangt. Dëse Projet wäert net wéi virgesinn Enn Juni op en Enn goen, mee schonn de 15. Abrëll. "Mir kucken déi Aktivitéiten nach ze clôturéieren, souwäit wéi et méiglech ass."

Bei dësem Projet geet et ëm déi berufflech Weiderbildung am Tourismusberäich a Myanmar, erkläert de Gaston Schwartz. Den Tourismus hätt nämlech e grousst Potential fir dem Myanmar ze hëllefe fir sech ze entwéckelen, an et wier Potential fir esou ville Leit ze hëllefen aus der Aarmut eraus ze kommen.

Projet am Nordosten soll weiderlafen

Beim zweete Projet vu Lux-Dev am Land geet et ëm déi ländlech Entwécklung: am Nord-Oste vum Land gëtt enger Rei Dierfer gehollef aus der Isolatioun eraus ze kommen. Lux-Dev realiséiert de Leit eng rei vun Infrastrukturen an eng Rei vu Servicer a Formatioun un.

Dësen zweete Projet a Myanmar soll trotz dem Militärputsch zum Deel viru gefouert ginn, erkläert de Gaston Schwartz vun der Agence Lux-Development. Et géif probéieren eng aner Struktur oder Organisatioun op der Plaz ze identifizéiere fir verschidden Aktivitéiten, déi direkt zum Benefice vun der Populatioun sinn, weider ze fueren.

International Mataarbechter goufen zeréckgeruff

Fir déi béid Projeten hu ronn 50 Leit fir Lux-Dev geschafft. Déi meescht vun hinne wieren nach weider ënner Kontrakt a géife viru bezuelt ginn: dorënner ass lokaalt Personal. Déi net-essentiell international Mataarbechter goufen zeréckgeruff.

Déi dräi lescht Mataarbechter, déi nach op der Plaz sinn, wäerte warscheinlech an den nächste Wochen d'Land verloossen, seet de Gaston Schwartz.

Wéi d'Situatioun a Myanmar sech virun entwéckelt wier dem Lux-Dev-Generaldirekter no, "extrem schwéier ze soen", esou de Gaston Schwarz de leschte Freideg.

"D'Situatioun ass ganz komplex, oniwwersiichtlech an deelweis och geféierlech. Dir wësst jo, datt d'Militär net gezéckt huet fir op Leit ze schéissen. Et ass wierklech eng ganz schwiereg Situatioun an et ass wierklech net ofzegesinn am Moment, wou dat kann definitiv kann histeieren. Mir mussen dat observéieren a schlussendlech gëtt dat eng politesch Decisioun, wéi do d'Relatioune weiderginn."

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Arméi Myanmar
International

Am Myanmar koum et an de leschte Stonnen zu engem Militärputsch. D'Arméi huet d'Kontroll vun dem südost-asiatesche Land nees iwwerholl, an eng ganz Rei politesch Leadere goufe festgeholl, dorënner och d'Aung San Suu Kyi.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen