Och no der Muechtiwwernahm duerch d'Taliban versicht "Médecins sans frontiers" weider medezinesch Hëllef am Afghanistan ze leeschten, esou d'Cristina Fernandez vu Médecins sans frontières Lëtzebuerg.
Momentan a fënnef Stied aktiv
Wéinst der politescher Instabilitéit reduzéiert Médecins sans frontières den internationale Staff a versicht de concernéierte Mataarbechter Visaen ze organiséiere fir d'Land ze verloossen. D'Majoritéit vum Personal sur place wier awer Afghanen. "On apporte tout le soutien possible à cette partie du personnel. Cependant nous ne sommes pas en mésure d'évacuer notre personnel ou organiser des visas pour eux", erkläert d'Cristina Fernandez.
En zousätzleche Challenge sur place ass d'Aarbecht vum weibleche Personal, déi och an der Vergaangenheet schonn an Taliban-kontrolléierten Zonen aktiv waren, zum Beispill a Maternitéen.
D'ONG ass zanter 1980 am Land present. 2004 ware fënnef Mataarbechter bei enger Attack ëm d'Liewe komm, wat derzou gefouert huet, datt d'Organisatioun sech fënnef Joer laang aus dem Land zeréckgezunn huet.
Aus der Haaptstad Kabul hat ee sech no enger Attack op eng Maternité, wou 25 Persounen ëm d'Liewe komm sinn, zejoert zeréckgezunn. D'ONG ass den Ament nach a fënnef afghanesche Stied present.