Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Der Politik feelt et u Courage beim Ëmweltschutz

Nationale kongress vum mouvement écologique

Der Politik feelt et u Courage beim Ëmweltschutz

Vill Sujete goufen um nationale Kongress vum Mouvement écologique ugeschwat. Virun allem géing et der Politik u Courage feelen a Saachen Ëmweltschutz. Kritik gouf et och un den Energiepräissdeckelung. D'Blanche Weber huet sech net domat averstane gewisen, datt och Leit, déi vill Energie verbrauchen - an och nach vill verdéngen - een Deel vun hirer Energierechnung bezuelt kréien.

auto_stories

2 min

D'Blanche Weber ass Presidentin vum Mouvement écologique. (Foto: Sophie Schroeder)

Lauschterenplay_arrow


D'Politik misst Entscheedungen treffen. Et kéint een net alles wëllen, a gläichzäiteg un deem Gewinnte festhalen, huet et um Kongress vum Mouvement écologique geheescht.

Nohalteg Wirtschaft jo, Wuesstemszwang nee

Fit dat ze erreechen ass eng vun de gréisste Fuerderunge vun der ONG ee méi nohaltege Wirtschaftsmodell ouni Wuesstemszwang. Et misst een ënnersichen, wat de reelle gesellschaftleche Gewënn vun dësem Wuesstem ass, a wéi dee mat den Ziler vum Klimaschutz zesummepasst, sou d'Presidentin Blanche Weber.

"Da missten si sech elo nach dozou bekennen, datt de Wuesstemszwang ee Problem ass. A si missten éischt Analysen an Eckwäerter fir Reformen, an do virun allem fir eng nohalteg Steierreform an eng Analys iwwer ëmweltschiedlech Subsiden an ee "Budget vert" virleeën."

Doriwwer eraus fuerdert de Mouvement écologique een Nohaltegkeetscheck fir d'Regierungsdecisiounen.

"Eng verkéiert Welt"

E weidere grousse Kritikpunkt vum Mouvement écologique ass d'Energiepräissdeckelung, déi leschte Summer an enger grousser Drocksituatioun decidéiert gi wier.

D'Blanche Weber huet sech net domat averstane gewisen, datt och Leit, déi vill Energie verbrauchen, an och nach vill verdéngen, een Deel vun hirer Energierechnung bezuelt kréien.

"Staatlech subventionéierten Energieverbrauch och fir ganz Räicher. Dat an Zäite vu Klimakatastrophe, an Zäite wou vu Verdeelungsgerechtegkeet a vu Präiswouerecht geschwat gëtt. An Zäite wou all Su gebraucht géit, fir déi wierklech sozial-ekologesch Transitioun ze finanzéieren. Eng verkéiert Welt."

Hir Fuerderungen hu sech awer net nëmmen un d'Politik geriicht, mee och un all gesellschaftlech Acteuren, u Gewerkschaften an un ekonomesch Vertrieder. Et bräicht een Diskussioun, an och Sträit, fir eis a Saache Klimaschutz virunzebréngen.