Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouveco: "CETA bleift eng Sauerei"

Wirtschaft an Ekologie

Mouveco: "CETA bleift eng Sauerei"

De Wee aus der Kris muss genotzt gi fir fundamental Changementer an eisem Gesellschafts- a Wirtschaftssystem ëmzesetzen, esou d'Presidentin vum Mouvement Ecologique. Datt d'Chamber grad an der Kris de Fraihandelsaccord mat Kanada gutt geheescht hätt, wier kee gutt Zeechen, betount d'Blanche Weber.

auto_stories

2 min

D'Presidentin vum Mouvement Ecologique weist sech erstaunt, datt verschidde gréng Politiker elo esou maache wéi wann d'Protester aus der Zivilgesellschaft fir grouss Fortschrëtter beim CETA-Accord gesuergt hätten.

"Ganz éierlech - et sinn zwou, dräi Verbesserunge komm, dat ass ausser Fro. Zum Beispill ginn d'Riichteren anescht genannt. Mee wann een de Fong kuckt, dann huet glat a guer näischt geännert. A wann een de Leit dat wëllt erklären, da muss ech ganz éierlech soen: Deen desinforméiert a mengen Aen d'Leit méi oder manner bewosst. CETA bléift eng Sauerei. CETA steet weider fir eng neoliberal Globaliséierung."

D'Krisenzäit notze fir eng Visioun ze entwéckelen

Déi aktuell Kris misst der Blanche Weber no genotzt gi fir eis méi bewosst ze ginn, wéi mir eis d'Zukunft virstellen. D'Kris hätt gewisen, wéi wichteg et ass eng kloer politesch Richtung virzeginn, esou d'Blanche Weber.

Aus der Corona-Kris géif een erauskommen, wann déi néideg Medikamenter bis entwéckelt sinn. D'Klima- a Biodiversitéitskris kéinten allerdéngs just duerch e politescht Ëmdenke gemeeschtert ginn, esou d'Blanche Weber. Zum Beispill, andeems op eng méi nohalteg Landwirtschaft ëmgestallt gëtt.

Ëmverdeelung an eng aner Besteierung

Et ass schonn esou dacks gesot ginn, datt et kee méi iwwerrascht: D'Kris huet och positiv Säiten. Ëmweltaktiviste begréissen zum Beispill, wa manner Leit mam Auto ënnerwee sinn a Fligeren um Buedem stinn.

Mee wéi eng Weiche muss d'Politik stellen, fir datt d'Klimapolitik och op laang Siicht nohalteg bleift?

"Alles, wat a Richtung Gemeinwohl, Entschleunegung geet - et ass e gesellschaftlechen Optrag fir dat ze fërderen. Do gëtt et Instrumenter: Eis nohalteg Steierreform muss viru gepuscht ginn. Mir musse fortkomme vun der Besteierung vun der Aarbecht, déi vill méi héich ass, wéi déi vum Ëmweltverbrauch. D'Verdeelungsgerechtegkeet - et si jo déi Vulnerabel, däi weltwäit ënner der Kris leiden."

De Mouvement géif déi generell finanziell Ënnerstëtzung fir Betriber an dëser Kris net a Fro stellen, et misst een awer "ganz kloer déi Secteuren definéieren, wou eng Verschibung vun den Aarbechtsplazen an den nächste Jore wäert kommen. A clever iwwerleeën, wou déi Leit gutt ugesidelt wieren.