Klima an Ëmwelt Moueren a Fiichtgebidder: Wéi eng Roll an der Canicule?

D'Moueren zu Lëtzebuerg si gréisstendeels an engem schlechten Zoustand, well se an der Zäit fir landwirtschaftlech Zwecker dréche geluecht gi sinn oder duerch déi klimatesch Bedéngunge dréche gefall sinn. Mir hu bei Natur & Ëmwelt a bei der Naturverwaltung nogefrot, ob et nach intakt Moueren zu Lëtzebuerg ginn a wéi eng Roll dës am Klimaschutz spillen.

Marlène Clement / sam

Ee Mouer bei Ortelsbruch am Saar-Hunsrueck
Ee Mouer bei Ortelsbruch am Saar-Hunsrück. Foto: picture alliance | Martina Raedlein

Lauschteren


Well et zu Lëtzebuerg haaptsächlech Nidder-an Tëschemouere ginn, an där och net immens vill, wier hiren Impakt op d'Klima relativ geréng, seet d'Corinne Steinbach, déi fir d'Renaturéierungsprojete bei der Naturverwaltung zoustänneg ass:

"Mir hunn insgesamt vun Nidder-Mouer eng 31 Hektar am Offeland Biotop Kadaster kartéiert, also dat ass wierklech net vill - a vun den Tësche-Moueren en hallwen Hektar. An unhand vun deenen Zuele gesäit een ebe schonn datt se flächeméisseg net vill Plaz anhuelen an doduerch ass och hiren Effekt op de Klimawandel fir Lëtzebuerg éischter als méi kleng anzestufen."

Renaturéierung géint de Klimawandel

Fir géint de Klimawandel virzegoe wier d'Renaturéierung vun de Baachen a Flëss eng Mesure déi gutt géif gräifen, esou nach d'Corinne Steinbach.

Doduerch géife vill Fiicht-Biotopen entstoen déi och vill CO2 bannen.

D'Corinne Steinbach erkläert och datt doriwwer eraus d'Renaturéierung natierlech och e Schutz géint Héichwaasser bidde géif, an aarteräicht Gréngland erhale kéint, wat och vill Co2 späichert.

Grouss Mouere späicheren CO2

Déi groussflächeg Héichmoueren dogéint, wéi ee se zum Beispill am Héije Venn oder am Norde vun Däitschland gesäit, wiere fir eist Klima vu grousser Bedeitung.

Dës kéinten eng grouss Quantitéit un CO2 späicheren a wieren och vu grousser Hëllef bei der aktueller Dréchent, well se d'Waasser wéi e Schwamm ophuelen an nëmme lues erëm ofginn.

D'Claudine Felten vun Natur an Ëmwelt erkläert datt ee bei de Moueren bei Tréier am Hunsrück festgestallt hätt, datt dës nach ëmmer naass sinn, wou soss ronderëm alles dréchen ass: "Dat heescht déi spille schonn eng wichteg Roll, einfach fir de Waasserhaushalt."

Lëtzebuerger Mouere stinn ënner Naturschutz

Och wann d'Moueren zu Lëtzebuerg eng manner grouss Roll am Kampf géint de Klimawandel spillen, esou stinn eis Niddermouer haut ënner Naturschutz an dierfen deemno net méi dréche geluecht ginn.

Dëst schonn eleng well se e Liewensraum fir seele Planzen an Déierenaarte bidden, esou nach Claudine Felten vun Natur an Ëmwelt.

Méi zum Thema

Futtis Beem am Bësch
Reportage

Déi unhalend Dréchent déi lescht Jore sëtzt de Bëscher zou: Just 16 Prozent vun alle Beem sinn nach ganz gesond. Mir si mat der Naturverwaltung kucke gaangen, wéi d'Bëschbild sech am Ament verännert.

Brill
Flouernimm

Um Brill, den ënneschte Brill, den éiwege Brill, oder just einfach Brill, ass en ale Lëtzebuerger Flouernumm, deen engem nawell dacks hei am Land iwwer de Wee leeft. De Claude Faber war op Spueresich.

Net verpassen

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen