Radioen

On air

Notturno  |  Tobias Jesso Jr. - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ MoU mat Google gëtt oppe geluecht

Data-Center

MoU mat Google gëtt oppe geluecht

De Memorandum of Understanding tëscht dem Lëtzebuerger Staat a Google a Saachen Data-Center Biisse gëtt oppe geluecht. Dat huet de Premier Xavier Bettel de Freideg no enger Entrevue mat der Presidentekonferenz an dem Chamberbureau confirméiert. D'Regierung kënnt dem Wonsch vum Parlament also no. An dat Parlament freet sech natierlech doriwwer.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Demonstrativ hu se sech zu véier niefteneen opgestallt, d'Häre Mosar, Gibéryen, Clement a Baum. An dee Marc Baum vun déi Lénk huet et am Fong am däitlechsten ausgedréckt: Hien huet engem vun "Paradigmewiessel" geschwat, duerch deen där "Joerzéngte-laanger Geheimniskréimerei vun der Exekutiv" géif en Enn gesat ginn.

Deen "historesche Schratt" hat de Staatsminister kuerz virdrun duergestallt, wéi wann et dat normaalst vun der Welt wier. "Mir hunn näischt ze verstoppen, am Dossier", sou de Xavier Bettel.

"Si sinn déi, déi eis kontrolléieren, a wa si soen, mir wëlle gär kucken wat Dir do mat hinnen ausgemaach hutt, da menge mer, dass et och normal ass, dass mer mat hinnen deen Echange och hunn."

Hie wéilt Google awer nach driwwer informéieren, datt d'Deputéiert d'Dokument elo presentéiert kréien, vläicht wéilt Google jo net, datt eenzel méi sensibel oder perséinlech Donnéeë bekannt ginn.

D'Deputéiert hätten awer drop bestanen, datt näischt dierf gestrach ginn, wat d'Chamber an hirere Kontrollfunktioun géif hemmen, sou den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. D'Kommissiounssëtzung, am Kader vun där dee Memorandum d'nächst Woch virgestallt gëtt, soll am huis clos sinn. Dat heescht, datt dat wat do gezielt gëtt, net op der place publique soll breet getrëppelt ginn. "OK", seet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, mee et kéint awer och net sinn "datt mir herno e Maulkuerf als Deputéiert ugedoe kréien, an datt mir iwwerhaapt näischt däerfen heirauser soen".

A wärend déi véier Oppositiounsdeputéiert een nom aneren hire Statement gemaach hunn, huet den Mars Di Bartolomeo vun der LSAP sech als Fënneften an d'Rei gestallt. Hie wollt der Oppositioun dann awer net dee ganze Merite iwwerloossen, fir hien ass et en Erfolleg vum ganze Parlament. Fir hien ass et e wichtegen Duerchbroch fir d'Chamber, déi gestäerkt géif ginn.