Virum britteschen EU-Austrëtt gouf de Cargotransport an Irland virun allem iwwer Groussbritannien organiséiert. Déi europäesch Schëffer hunn am Vereente Kinnekräich ugeluecht an d'Wuere sinn iwwer de Landwee op d'Westküst bruecht ginn. Vun do aus si se nees iwwer d'Mier op déi gréng Insel weider transportéiert ginn.
Duerch de Brexit huet dat sech geännert. D'EU exportéiert elo zu engem gudden Deel direkt an Irland, wéi de CEO vun der Bedreiwerfirma vum Hafe vun Dublin, Barry O'Connell, erkläert.
"So it's grown from around 14 percent to nearly 26, 27 percent over that time and CldN and Seatruck have been central to that growth."
CldN: all Woch 240 Departen
CldN, dat ass d'Compagnie luxembourgeoise de Navigation, huet dat Lach wat de Brexit hannerlooss huet, opgefëllt. D'Verbindunge mat Irland ginn haaptsächlech iwwer Rotterdam a Zeebrugge ofgewéckelt. Rezent koum den Transport vun Irland a Groussbritannien derbäi, mat Liverpool an Heysham, sou de Vizepresident vum Cluster maritime an Direkter vu CldN RORO, Michel Cigrang.
"On décongestionne le trafic anglais, ce qu'on fait aussi en Europe pour les lignes de Porto ou Santander. Donc on crée ce qu'on appelle dans notre jargon les 'motorways of the seas.'"
D'Firma ass spezialiséiert op sougenannte RoRo-Schëffer: "Roll on-Roll off." D'Containere gi mam Camion op d'Schëff transportéiert, an net mam Kran. Eng Method, déi vill manner zäitintensiv wier, seet e Responsabele vum Doyle Shipping Group, enger vun de Logistikfirmen am Hafen. Mam Kran kéinte ronn 30 Containeren an der Stonn op e Schëff geluede ginn, mat der RoRo-Method wieren et der 100.
CldN assuréiert an Europa all Woch eng 240 Departen, dovunner zéng an Irland. D'Relatioune gi kontinuéierlech weider ausgebaut. Problematesch gestalten sech allerdéngs déi aktuell Capacitéite vum Hafe vun Dublin. Duerch de Brexit wieren nees vill méi Entitéite bäikomm, fir d'Kontroll vu Produiten aus Groussbritannien, déi an Europa ukommen. An d'Hausse vum europäeschen Export bedeit och méi Schëffer a méi Cargo, sou de Barry O'Connell.
Et gëtt um Ausbau vum Hafe geschafft, well deen am Joer 2040 net méi genich Capacitéit wäert hunn. Mee den Hafen ass limitéiert wat den Espace ugeet, seet de Barry O'Connell.
Eng ongewëss Zukunft
En Vue dovun, datt den Hafe vun Dublin bis 2040 u senge Limitten wäert ukommen, sicht déi Lëtzebuerger Entreprise och no Léisunge mat aneren Häfen an Irland.
De Cargotransport wier zukunftsfäeg, betount iwwerdeems de Michel Cigrang. Am Mäerz hat d'EU-Parlament en neit Reglement decidéiert, datt gréisser Schëffer bis 2050 hire CO2-Ausstouss ëm 80 Prozent reduzéiere mussen. De Michel Cigrang betount, datt de maritimme Secteur awer elo schonn nëmme wéineg vum weltwäite CO2-Ausstouss géif ausmaachen.
"Par tonne/kilomètre, il y a moins CO2 via nos services que le train."
Dee Chiffer ass d'Resultat vun enger Etude, déi vu CldN selwer finanzéiert gouf, muss een dozou präziséieren.
Zu der Decarboniséierung soll och den Asaz vu sougenannten E-Fuels féieren. Dee Beräich stéing awer nach an de Kannerschong, sou nach de Michel Cigrang.
" On est à un Crossroads, vers quelle type de fuels on devrait aller..."
Et géif vill recherchéiert ginn iwwer den nohaltege Sprit. Ee Konsens doriwwer am Schëffstransport géif et fir den Ament awer nach net ginn.