Radioen

On air

E-Lodie  |  Seabuckthorn - Rising With The Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ MoDu 2.0: Bierger, Gemengen an Entreprisë responsabiliséieren

Mobilitéit

MoDu 2.0: Bierger, Gemengen an Entreprisë responsabiliséieren

Fir d'Mobilitéitsproblemer ze léisen, huet de Staat eng Roll ze spillen. Mee och d'Gemengen, d'Betriber an déi eenzel Bierger missten een Deel vun der Responsabilitéit iwwerhuelen. De Slogan vum Mobilitéitskonzept MODU 2.0 fir d'Period 2020 bis 2025 ass dofir och "Mobilitéit zesummen erreechen". Bis 2025 soll sech d'Verkéierssituatioun trotz enger Erhéijung vun den Deplacementer ëm 20 Prozent verréngeren.

auto_stories

3 min

Fir déi nei Strategie auszeschaffen, gouf eng Ëmfro lancéiert un där net nëmmen d'Residenten ëm hir Mobilitéitsgewunnechte gefrot goufen, mee och d'Frontalieren. 37.500 Leit hunn un där LUXMOBIL-Etüd Deel geholl. Eng Etüd, déi am Detail konnt no vollzéien, wéi d'Verkéiersbewegungen a Gewunnechten ausgesinn, gouf et beim Opstellen vum multimodalen Mobilitéitskonzept MoDu 1 net, betount den LSAP-Deputéierten Georges Engel. MoDu 2.0 géif weisen, wéi deen Eenzele sech deplacéiert, wou een den Hiewel usetze misst a wou et dat gréisste Potential géif ginn.

An der Strategie MoDu 2.0 gi véier Haaptobjektiver fixéiert. Fir d'Trajeten op d'Aarbecht, soll méi op den ëffentlechen Transport a manner op den Auto zeréckgegraff ginn wéi bis elo. Haut fueren 61 Prozent vun de Leit selwer op d'Schaff; 2025 sollen et just nach 46 Prozent sinn. Ähnlech Ziler ginn et och fir d'Schoulweeër. An der Strategie stinn awer och Objektiver wat Pünktlechkeet vun den Zich ugeet.

Ursaachefuerschung bedreiwen

Dat ass fir den Marco Schank(CSV) wichteg. Him feelt et awer weider un Informatiounen iwwert d'Hannergrënn vun deene ville Retarden."Fir 18 Prozent vun de Retarden ass den Zoustand vum Rullmaterial verantwortlech, 40 Prozent vun de Retarde sinn dem Dominoeffekt geschëlt." Hien hätt gär Zougang zur Etüd, iwwer d'Ursaachen, déi d'CFL-Direktioun maache gelooss huet. "Mir hunn d'Zuele kritt, mee mir hunn d'Ursaachen net kritt", sou de Marco Schank.

Zuchretarden ofbauen an Occupatiounstaux an Autoen eropsetzen

Am MoDu 2.0 ass geplangt datt d'Zuel u Retarden op der Bunn zeréck geet, dat kann nëmmen geschéien wann d'Gare Lëtzebuerg ausgebaut gëtt. Och de System fir d'Passagéier iwwert Stéierungen z'informéieren soll verbessert ginn. Ee weidert Zil vu MoDu 2.0 ass et den Occupatiounstaux vun Autoen erop ze setzen, ee Beispill ass do de Covoiturage. Well vill Chaufferen eleng am Auto sinn, ginn et pro Dag, 250.000 Sëtzplazen déi onbenotzt bleiwen.

D'Applikatioun Co-Pilote, fir de Covoiturage ze fërderen, soll hëllefen déi Situatioun ze änneren. E gouf den 8. Mee lancéiert an zanterhier hu sech 2.000 Leit aktiv ugemellt, seet den Gilles Caspar, Coordinateur General fir den Transport am Nohaltegkeetsministère. Vill Leit géifen hier reegelméisseg Trajeten dropsetzen. "Fir eng normal Woch, fann Dir iwwer 4.000 där reegelméisseger Weeër", seet de Gilles Caspar.

Busspuer tëscht Gonnereng an der Stad

Mam MoDu 2.0 soll den Trafic wärend de Spëtzestonne besser geréiert ginn. Tëscht Gonnereng an der Stad(Luxexpo) soll zum Beispill eng Busspur an der Mëtt vun der Strooss ageféiert ginn, seet de François Bausch. Déi Léisung géif et aktuell zu Lëtzebuerg nach net ginn. Et géif och entspriechend signaliséiert an d'Busspur géif esou ofgetrennt sinn, datt keen Auto op déi Spuer fuere kéint.

D'Schoulstonnen unzepassen an den Horaire mobile an de Betriber an an de Verwaltungen unzepasse wiere weider Méiglechkeeten, den Trafic méi effikass ze gestalten. An der Strategie MoDu 2.0 ginn ronn 50 konkret Mesuren opgelëscht, déi kuerz- a mëttelfristeg kéinte realiséiert ginn. Et misst och weider an Infrastrukturen investéiert ginn, seet de François Bausch.