Radioen

On air

Notturno  |  Father John Misty - Pure Comedy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Modell-Etüd: Séinoutrettung féiert net zu méi Flüchtlingen

FAKTENCHECK

Modell-Etüd: Séinoutrettung féiert net zu méi Flüchtlingen

Rettungsaktiounen am Mëttelmier hu keen Afloss op Migratiounsbeweegungen, seet eng nei Etüd. Si widdersprécht der Behaaptung, datt d'Rettungsaktivitéite vun ONGen am Mëttelmier, Mënschen dozou encouragéieren, hiert Liewen ze riskéieren, fir an d'EU ze kommen.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Et geet ëm dee sougenannten "Pull Factor", deen zum Beispill Politiker wéi de fréieren italieeneschen Inneminister Matteo Salvini Schëffer wéi der Sea Watch ënnerstellen. D'Argument seet, datt déi Schëffer méi Flüchtlingen unzéien, well duerch hir Presenz de Risk, dee si aginn, méi kleng géif.

Esou een Zesummenhank gëtt et net, seet elo Etüd déi am Optrag vum Däitschen Zentrum fir Integratiouns- a Migratiounsfuerschung gemaach gouf. D'Aléjandra Rodriguez Sanchez vun der Universitéit Potsdam huet zesumme mat anere mat innovative Methode ganz verschidden Donnéeën ënnersicht.

Modelletüd iwwert Zuel vu Flüchtlingen am Mëttelmier

"Mir sinn änlech wéi bei ekonomeschen Analys virgaangen, wou ee kuckt, wat géif geschéien, wann et eng bestëmmten Interventioun net géif ginn", sou d'Fuerscherin.

D'Wëssenschaftler sinn dobäi där zentraler Fro nogaangen, wat mat de Migratiounsbeweegunge geschitt wier, wann et keng Aktivitéite vu Rettungsbooter ginn hätt. Resultat: D'Zuel vun de Migrante gouf net duerch eng méi staark Presenz, zum Beispill an der Zäit vun der italieenescher Rettungsoperatioun Mare Nostrum oder de private Missiounen an de Jorendono, beaflosst.

Och d'Period vun 2017 un, an där libesch Garde-Côtë verstäerkt intervenéiert sinn, gouf analyséiert. Der Etüd no huet dës Interventioun d'Zuel vun de Migranten effektiv reduzéiert. "Allerdéngs koum et an där Zäit och zu méi Verletzunge vun de Mënscherechter a Libyen, wat awer net de Géigestand vun eiser Etüd war", sou d'Alejandra Rodrigues Sanchez.

Migratiounsbeweegunge gi vu verschiddene Facteure beaflosst

D'Fuerscherteam huet iwwerdeems an hire Simulatioune festgestallt, datt et wärend de Perioden, an deene virun allem Sich an Rettungsaktiounen duerchgefouert goufen, d'Zuel vun de Leit, déi am Mier erdrénken, manner héich war.

Well awer esou vill Doudeger ni enregistréiert ginn, wier et ze fréi hei Konklusiounen ze zéien, heescht et an der Etüd.

"Mir hunn eis op d'Sich a Rettungsaktioune konzentréiert a gekuckt, ob déi een Afloss hunn, a mir hunn erausfonnt, datt dat net de Fall ass", sou d'Fuerscherin.

Iwwerrascht huet si dat Resultat net. D'Ausso, datt sech Refugiéen, an hirer Decisioun duerch eng abstrakt Aussiicht op Rettung géife beaflosse loossen, wier simplistesch a géif där vill méi komplexer Realitéit net gerecht ginn, sou d'Alejandra Rodriquez Sanchez. Alles an allem kann ee soen, sou d'Konklusioun, datt Migratiounsbeweegungen duerch aner Facteure beaflosst ginn, déi näischt mat Rettungsaktiounen ze dinn hunn.