Fräie Mikro Mobilitéitsnäid

Jiddwereen erhieft Usproch op Mobilitéit. Séier, confortabel a flexibel. Mee d'Zesummeliewen a d'Virukomme ginn ëmmer méi komplizéiert. Do spillen dann d'Emotiounen an d'Subjektivitéit d'Haaptroll, an de perséinlechen Interêt kënnt virum kollektiven Denken. Sou kënnt et noutgedrongen zu ongesonden Niewewierkungen, wat d'Isabelle Medinger als Mobilitéitsnäid bezeechent. D'Isabelle Medinger ass fréier Journalistin an zënter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.

Isabelle Medinger / cz

Meenung Isabelle Medinger
D'Isabelle Medinger ass Directrice vun der Sécurité Routière

"D'Strooss ass reservéiert fir Jiddwereen", ass e Message vun der franséischer Prévention routière. Weider heescht et an dëser Campagne fräi iwwersat: "Den Automobilist ass domm, hie mengt de Motorradsfuerer wier domm an a Wierklechkeet ass et de Cyclist, deen domm ass, seet de Foussgänger". An der Tëschenzäit sinn och nach nei Feindbiller dobäi komm, E-Biker, den E-Roller ...

De Message ass pertinent. Et ass en indirekten Opruff fir méi Toleranz a manner Egozentrik; awer och en Ureiz fir sech selwer a Fro ze stellen, mol eng Kéier d'Perspektiv ze wiesselen a firwat net och fir e bësse Selbstironie.

Dat géif d'Zesummeliewe vu Mënschen am Verkéiersraum vereinfachen. Déi Attitüd vum "ee géint deen aner" hëlt awer vill ze dacks d'Iwwerhand, grad wéi wann et e Kampf tëschent verschiddenen Zorte vun Fortbeweegungsmëttel géif ginn, wou déi eng deenen aneren hir Legitimitéit streideg maachen. Wéi wa mer net au Depart mol all Foussgänger wieren. Kaum wiessele mer d'Transportmëttel, schonn ännert den Discours an den Toun.

Immobilitéit ass en No go

Jiddwereen erhieft Usproch op Mobilitéit. De Stëllstand an d'Waarde sinn eis onerdréiglech ginn. De Stau, d'Verspéidung oder den Ausfall vun Zuch a Bus huelen eis all Fräiheet, eis Zäit selwer ze geréieren. Immobilitéit ass en No go. Wann dann och nach déi aner File méi séier weidergeet, oder schlëmmer, de sougenannte Langsamverkehr méi séier weiderkënnt, ob Eerad, Zweerad, mat oder ouni Suedel oder Guidon - an och nach ganz legal - ass d'Frustratioun vun deem dee waart op der Limitt ukomm. Guer net dovun ze schwätzen, wann d'Bedreiwer vun der duusser Mobilitéit sech och nach iwwer de Code de la Route ewechsetzen.

Dat net Respektéiere vum Code de la Route ass iwwregens och net un d'Fortbeweegungsmëttel gebonnen, et ass vill méi eng Attitüd oder Mentalitéit, déi ee grondsätzlech als Persoun huet.

Nach ass et awer sou, datt scho reng physikalesch déi gréisste Gefor vun deem Séieren an deem Massiven ausgeet an net vun deene Schwaachen ouni Karkass. Dat gëtt dacks vergiess. Souwisou hu mer de rationellen Terrain verlooss, d'Realitéit gëtt gär gefiltert, verdrängt oder verdréit.

Et geet leider net ëmmer ëm Normen, Fakten oder Zuelen, mee ëm dat Erlieftent, ëm d'Empfanne vun deem Eenzelen.

Incapabel aus där Subjektivitéit auszebriechen, definéieren mir selwer d'Moossstief:

Eis Rechter, deenen aneren hir Flichten. Mir begéinen deenen aneren allze dacks ukloend intolerant a souguer feindséileg.

"Déi fei Leit ginn zu Fouss an de Pak fiert mam Auto op säi Festival"

Wann ze vill Leit zesumme wëlle mobil sinn an domadder natierlech d'Immobilitéit fërderen, kënnt eppes Ongesondes op, wat ee Mobilitéitsnäid kéint nennen. De Feind muss identifizéiert ginn. An dat ass paradoxerweis een, deen net zum Stau bäidréit. Dee leschten op der Beléiftheetsskala ass deen, dee gutt laanscht de Stau oder duerch de Verkéier kënnt.

Elo esou kuerz virum Autofestival dierf dann och verbal e bësse mat den Ielebéi geschafft ginn, an et sief drun erënnert, datt déi fei Leit zu Fouss ginn, an de Pak mam Automobil op säi Festival fiert.

Do ginn da vill Mënschen zu Automobilisten an d'gro Zelle verschmëlze mam Aluminium vun de Felgen. Do schloen d'Emotiounen aus! Soulaang d'Emotiounen nach dierfe matfueren. Mat de Méiglechkeete vun deene kommenden Technologien ass et nämlech eriwwer domat. Dann herrscht erëm Rationalitéit am Cockpit.

Vive den intelligenten Auto, well ob den onfeelbare Chauffer kënne mer nach laang waarden.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Hannover huet de gratis ëffentlechen Transport getest
Mobilitéit

De leschten 30. November waren déi ëffentlech Transportmëttelen an der Regioun Hannover een Dag gratis. Tëschent 50 a 60 Prozent méi Leit sinn deen Dag mat Bus, S- an U-Bahn gefuer.

Camionen op enger Raststätte
Transport

Ëmmer méi dacks héiert een, datt Camionschaufferen, déi hir Zäit op Raststätte verbréngen, ze vill Alkohol am Blutt hunn. Hei am Land ginn nëmme seele sou Kontrolle gemaach. Wéi grouss ass déi Problematik zu Lëtzebuerg?

Lydie Polfer
Mobilitéit

D'Stater Buergermeeschtesch geet dovun aus, datt d'Zuel vun de Passagéier zouhëlt, wann den ëffentlechen Transport gratis gëtt. D'Gratuitéit géif d'Leit "net kaal loossen", seet d'Lydie Polfer.

2018-11-23-Koalitiounsgespréicher
Koalitiounsverhandlungen

DP, LSAP an déi gréng hunn e virleefege Kompromëss fonnt fir den ëffentlechen Transport gratis ze maachen. Als Géigepartie soll déi steierlech Kilometerpauschal reduzéiert ginn. D'Zuele sollen awer nach emol duerchrechent ginn.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen