Radioen

On air

Notturno  |  Nashville Ambient Ensemble - Horizon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëllen net op de Wee goen, fir e komplette Shutdown ze decidéieren"

De François Bausch iwwer den Etat de crise

"Mir wëllen net op de Wee goen, fir e komplette Shutdown ze decidéieren"

D'Regierung wëllt am Moment keng total Ausgangsspär fir Lëtzebuerg verhänken. De Vizepremier François Bausch seet, et wéilt een net op de Wee vun engem "komplette Shutdown" goen. Hien hätt den Androck, datt d'Leit d'Situatioun elo méi eescht huelen, esou de François Bausch.

auto_stories

3 min

Den Transportmiminister a Vizepremier François Bausch

Fir Reegelverstéiss ze evitéieren, géif d'Police zënter den Donneschdeg méi streng kontrolléieren. Dobäi géif virun allem drop opgepasst ginn, datt d'Leit sech net an der Ëffentlechkeet versammelen. Dat géif net bedeiten, datt ee guer net méi eraus dierf, seet de François Bausch.

"Ech si geschter selwer nach eraus jogge gaangen. Ech sinn einfach um Trottoir gelaf, eleng fir mech. An ech mengen da geet dat. Wa jiddereen dat e bësse respektéiert, da kréie mer dat och hin. An da muss d'Police och net dauernd hin an hir rennen fir d'Leit drop opmierksam ze maachen."

Hien hätt den Androck, datt d'Leit d'Situatioun elo méi eescht huelen, esou de François Bausch. Fir Reegelverstéiss ze evitéieren, géif d'Police zënter gëschter méi streng kontrolléieren. Dobäi géif virun allem drop opgepasst ginn, datt d'Leit sech net an der Ëffentlechkeet versammelen. D'Leit kéinten natierlech och virun d'Dier goen, sou de François Bausch.

" Och joggen ass méiglech, awer eleng selbstverständlech. Et sinn e ganze Koup Saachen nach méiglech, fir datt Leit sech kierperlech kënne betätegen. Frësch Loft kréien ass och wichteg fir d'Gesondheet. Mee et muss eben an engem gewësse Kader gemaach ginn."

De François Bausch huet op en Neits un d'Leit appelléiert sech un d'Reegelen ze halen. Wann dat net geschitt, da misst d'Regierung awer driwwer nodenken, op een de Leit net ganz verbitt virun d'Dier ze goen.

Wéi schützt een d'Poliziste virun enger Infektioun?

Vill Leit kennen am Moment net schaffe goen, well hir Entreprisen am Kampf géint de Coronavirus hu missen zoumaachen. Et ginn awer och Leit, déi an der aktueller Kris ëmsou méi musse schaffen. Dozou gehéieren zum Beispill d'Polizisten, mee wéi schützen si sech virun enger Coronainfektioun?

"Et ass beim Police-Corps net anescht, wéi bei eis alleguerten: De Risiko ass do, datt jiddereen sech kann ustiechen. Mee mir musse virun allem evitéieren, datt Leit an ze vill groussen Ekippe sinn, wann se sech ustiechen. Do huet d'Generaldirektioun och eng Rei Mesure geholl fir d'Ekippe méi opzedeelen, fir datt der net ze vill an enger Ekipp sinn. Well mir wësse jo: Wann an enger Ekipp, déi eraus war, een infizéiert ass, da mussen déi aner mat a Quarantän. An dann hu mer esou vill Polizisten d'office manner."

D'Méiglechkeet fir pensionnéiert Polizisten aus der Pensioun ze ruffe besteet

D'Police hätt eng gewëss Unzuel u Leit op déi se nach kéint zeréckgräifen. D'Douane géif der Police momentan och scho ronn 40 Persounen zur Vefügung stellen, déi mat hëllefe Police-Aufgaben ze maachen.

"Dofir hu mer jo och an d'Gesetz drageschriwwen, datt och Douanieren déi selwecht Verbaliséierunge kenne maachen. Jee nodeem wat geschitt, musse mer kucken op mer vläicht d'Arméi mat bäihuelen. Déi dierfe natierlech net Police-Aufgabe maachen."

Op deem Punkt wier een de Moment awer nach net, sou de François Bausch. "Wann et ganz schlëmm géif ginn, da musse mer Leit zréckruffen, déi just an d'Pensioun gang sinn", sou de Verteidegungsminister.