arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëllen do keng Verbuets-Politik maachen"

CSV an Ëmwelt- a Klimaschutz

|
reading time

2 min

"Mir wëllen do keng Verbuets-Politik maachen"

De Claude Wiseler wëllt, datt seng Partei hiert Profil a Froe vun Ëmwelt- a Klimapolitik schäerft. Um Kongress de leschte Samschdeg hat den neie Mann un der Spëtzt vun der CSV ee Prinzip virginn: "Mir wëllen do keng Verbuets-Politik maachen", sot hien an huet mat deem Saz natierlech deene Gréngen eben esou eng Politik ënnerstallt.

reading time

2 min

Mee ass efficacë Klimaschutz iwwerhaapt méiglech ouni datt een de Leit gewëss Aschränkungen imposéiert?

"Natierlech muss een och wann een Ëmwelt- a Klimapolitik mécht eng Rei Restriktioune maachen. Ech hunn awer léiwer, datt mer offensiv un eng Technologie-oppe Klimapolitik eruginn, datt mer nei Modeller developpéieren, datt mer elo z.B. déi ganz Diskussiounen ëm de Waasserstoff begleeden als nei Energiequell nieft der Elektro-Technologie, well ech mengen, datt mer do grouss Perspektiven hunn."

Hie géif och net verstoen, firwat déi gréng Energie- an Ëmweltministeren dat zu Lëtzebuerg net méi maachen. De Claude Wiseler ass der Meenung, datt Lëtzebuerg an der Waasserstpff-Technologie e Modell-Land kéint sinn. "Ech regrettéieren, datt dat net kënnt. Dat sinn technologie-offen zukunftsträchteg Pisten, déi mer musse goen", sou den CSV-Parteipresident.

E kohärent Bild no bausse vermëttelen

Den neien CSV-President wëllt d'Diskussiouns- an Decisiouns-Prozesser a senger Partei nei strukturéieren. Dee Virsaz, deen de Claude Wiseler schonn e Samschdeg viru senger Wal um Kongress ugekënnegt hat. Wann et ëm d'Ausschaffe vu Positioune geet, wéilt hien d'Leit mat abezéien, Memberen an och Nët-Memberen, sou de Claude Wiseler. Hiren Input soll dann afléissen an d'Diskussiounen vum erweiderten CSV-Nationalrot - dat ass e Parteigremium, dee breet opgestallt ass, an deen an Zukunft méi eng grouss Roll spille soll wéi bis elo.

Dee Comité soll nom Wonsch vum Parteipresident ee Mol de Mount tagen fir an den aktuelle politeschen Dossieren eng "gemeinsam politesch Linn an Haltung ze kréien".

"Mir brauche Kohärenz, mir brauchen eng Linn an d'Partei, an déi wëll ech duerchsetzen."

Dee Moment wier da souwuel d'Partei wéi och d'Fraktioun un déi Linn gebonnen a misst déi a senger Aarbecht ëmsetzen, sou de Claude Wiseler.

"Prett si wann et bréckelt"

Déi inhaltlech Aarbecht soll séier ulafen, d'CSV misst nämlech do sinn, wann den Zesummenhalt an der Koalitioun bréckelt. De Claude Wiseler mengt, datt dat nawell gutt am Hierscht kéint passéieren, wa bis d'Decisiounen ustinn iwwert de Wee, deen no der Kris soll ageschloe ginn.

Säin Zil wier et, datt d'CSV an den nächste Méint zu Theemen wéi Logement, Klimaschutz a Budget hir Propositiounen op den Dësch leet an eng Visioun fir d'Gesellschaft proposéiert.