arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn um Nullpunkt ukomm"

Reesagencen

|
reading time

3 min

"Mir sinn um Nullpunkt ukomm"

Wéinst der Pandemie ass den Ëmsaz am Secteur vun de Reesagencen am Verglach mat zejoert tëscht 80 a 90 Prozent gefall. De Secteur bräicht warscheinlech Hëllefe bis Enn 2021, warnt de Fernand Heinisch, President vun der ULAV, der Unioun vun de Lëtzebuerger Reesagencen.

reading time

3 min

play_arrow De ganzen Interview lauschteren

Zanter Mäerz géif dee ganze Secteur vun de Reesagencen den Impakt vun der Pandemie ze spiere kréien. Et gi keng Geschäftsreese méi an d'Bierger zécke fir an d'Vakanz. Den Ëmsaz vun de Reesagencen ass dowéinst dramatesch gefall.

"Déi 80 Prozent Réckgang vum Ëmsaz, dat ass leider d'Realitéit. All déi Leit, déi ee Geschäft hunn oder Entrepreneur sinn, déi wësse jo datt ee Minus vun 80 Prozent bedeit, datt ee quasi näischt méi huet. Et ass dramatesch fir eise Secteur."

Keng Faillittë bis elo am Secteur

Den Ament hätt de Fernand Heinisch nach näischt vun enger Faillite am Secteur héieren. "Mir hunn och Hëllefe vum Staat a vun der Regierung kritt, ewéi de Chômage partiel oder de Fonds de Relance. Dofir hunn ech den Ament nach näischt driwwer héieren, datt elo Faillittë kommen", präziséiert de President vun der ULAV.

Nei Hëllef fir fix Käschten, déi net gedeckt sinn

Et wier ee fir all finanziell Hëllef frou, ënnersträicht de Fernand Heinisch. De Chômage partiel wier verlängert gi bis den 30. Juni, mee fir d'Reesagencë géif dat wuel net duergoen.

"Ech mengen eise Secteur brauch nach bis Enn 2021 déi Hëllef vum Chômage partiel. Déi aner Hëllefen, dat ass de Fonds de Relance oder de Fonds pour frais fixes non couverts. Et kann een awer net déi zwee ufroen. Dat heescht, et muss een direkt wielen, ob een deen ee Fong wëllt oder deen aneren. Dee neie Fonds, deen ass relativ komplizéiert, mat vill Konditioune verbonnen. Do muss een all Aiden ofrechnen. Do wësse mer nach net, wéi déi Hëllef an der Praxis ausgesäit, well den Text nach feelt. Dann eréischt kann eise Secteur dat ausrechnen an da gesi mer, ob et eng Aide ass oder net. Bei deem neie Fonds do muss een all d'Hëllefen, déi ee kritt, ofrechnen, an och wann een eppes verdéngt, dat muss een och ofrechnen. Mee déi Ënnerstëtzungen, déi hëllefen eis d'Leit weider ze beschäftegen. Déi hëllefen net direkt de Betriber. D'Entreprisen aus dem Secteur brauchen nach aner Ënnerstëtzunge, well soss gëtt et ganz schwiereg."

Wéineg Vakanzebuchungen

Nëmme wéineg Leit géifen hir Vakanzen elo buchen. Iwwer d'Feierdeeg géifen d'Leit awer hir Vakanz op de kanareschen Insele verbréngen.

"Iwwer déi Feierdeeg do wäerten d'Fliger fir déi kanaresch Insele voll sinn, mee dat geet awer net duer, fir eis Fraisen ze decken. Et si Leit, déi wëllen einfach fort. Op ville Plaze ginn et Restriktiounen, déi vun de Regierungen esou gewollt sinn. Dat musse mer elo esou acceptéieren, bis et hoffentlech iergendwann eng Kéier besser geet. Et gi jo nach aner Méiglechkeeten, ewéi déi kanaresch Inselen, mee do sinn dann d'Restauranten a Geschäfter zou. Verschidden Hoteller sinn zou an dat mécht dann och kee Spaass. Et gëtt also wéineg gereest."

Derbäi kéim, datt iwwer d'Feierdeeg de Wantersport fir Lëtzebuerger Bierger net méi méiglech ass an Éisträich, der Schwäiz, a Frankräich oder Italien.

"Mir sinn elo um Nullpunkt ukomm", betount de Fernand Heinisch, President vun der ULAV.