Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn net prett fir de gratis ëffentlechen Transport"

Eisebunnergewerkschaft

"Mir sinn net prett fir de gratis ëffentlechen Transport"

A gutt dräi Méint ass et esou wäit, da gëtt den ëffentlechen Transport am ganze Land gratis. Mee bei den Eisebunnergewerkschaften hält d'Virfreed doriwwer sech a Grenzen. D'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchi warnt, datt dee Schoss och kéint no hanne lassgoen. Lëtzebuerg wier momentan nach net prett fir de gratis ëffentlechen Transport.

auto_stories

2 min

A gutt dräi Méint ass et esou wäit, da gëtt den ëffentlechen Transport am ganze Land gratis. Mee bei den Eisebunnergewerkschaften hält d'Virfreed doriwwer sech a Grenzen. D'Syprolux-Presidentin Mylène Bianchi warnt, datt dee Schoss kéint och no hanne lassgoen. Lëtzebuerg wier momentan nach net prett fir de gratis ëffentlechen Transport. Ee Grond dofir wieren déi vill Chantieren, déi et den Ament um Lëtzebuerger Zuchreseau gëtt. Déi kéinten nei Passagéier vergraulen, esou d'Mylène Bianchi.

D'CFL géif an den nächste fënnef Joer an déi intensiivst Zäit kommen, wat d'Chantieren um Lëtzebuerger Schinnennetz géif ugoen. De Syprolux ass der Meenung, datt een als éischt hätt missten déi richteg Rahmebedingunge schafen. Dat wier awer net geschitt, seet d'Mylène Bianchi, "esou fäerte mir elo, datt mir bedéngt duerch d'Schantercher an d'Problemer, déi se mat sech bréngen, d'Leit wäerte vergraulen."

Onklore Verlaf vu Carrièren

De Syprolux begréisst iwwerdeems, datt d'CFL an den nächste Jore weider nei Mataarbechter wëllt astellen. Well den ëffentlechen Transport gratis gëtt, gëtt et an Zukunft zwar kee Guichetspersonal méi. Dofir géifen d'Passagéier awer méi an de Garë betreit ginn, sou d'Mylène Bianchi. Hei géifen et awer nach oppe Froen.

"Wéi gesäit elo dat Beruffsbild vum 'Agent-Accueil', wéi si en nennen, aus? Wéi eng Qualifikatioune mussen déi Leit hunn, wa si agestallt ginn? Wéi eng Qualifikatioune mussen déi Leit bäikréien, déi ëmgeschoult ginn? A wéi ass deenen hire Carrièresverlaf?"

Keng verstäerkt Zesummenaarbecht mam OGBL geplangt

De Syprolux wëllt eng eegestänneg Gewerkschaft bleiwen. Dat ënnersträicht d'Presidentin vun der chrëschtlecher Eisebunnergewerkschaft. Anescht wéi bei der zweeter Eisebunnergewerkschaft, dem Landesverband, géifen et beim Syprolux keng Iwwerleeunge ginn, fir mat enger anerer Gewerkschaft ze fusionéieren, esou d'Mylène Bianchi.

"Mir gesinn do am Moment guer net d'Necessitéit. Wann de Landesverband sech do anescht orientéiert, dann ass dat hir Saach. Fir eis ass et kloer: Mir sinn eng Eisebunnergewerkschaft, eise Business ass Eisebunn, an domat gi mir ganz gutt eens."

Déi gréissten Eisebunnergewerkschaft, de Landesverband, wëllt an Zukunft eventuell méi enk mam OGBL zesummeschaffen. Wéi déi Zesummenaarbecht genee soll ausgesinn, soll Ufank Dezember decidéiert ginn.