Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn ënner den Teppech gekiert ginn"

Vergiess ginn

"Mir sinn ënner den Teppech gekiert ginn"

"Et fänkt un op d'Moral ze schloen", seet d'Carine Nickels, Bewunnerin an enger Struktur fir Mënsche mat enger Behënnerung, iwwer hir Situatioun am Confinement. Zënter dem 13. Mäerz sinn déi meescht Wunnstrukture wéinst der Corona-Pandemie am Lockdown, an nëmme lues a lues kënnt et an de verschiddenen Haiser zu Lockerungen.

auto_stories

4 min

D'Carine Nickels

Dat ganzt Gespréich mat der Carine Nickels lauschterenplay_arrow


"Mir sinn eis verluere vir komm... Net nëmmen hei, mee och, ech sinn a Kontakt mat anere Leit aus aneren Haiser, an déi hunn och alleguer gesot: 'et ka jo net sinn, datt sech näischt mécht. Ech wëll meng Famill kënne gesinn, ech wëll meng Mam erëm an den Aarm huelen, oder meng Kolleege gesinn.' Ech mengen ass jo normal. Mir si jo och just Mënschen."

, seet d'Carine Nickels. Zënter engem Autosaccident vu virun aacht Joer ass si kierperlech beanträchtegt a lieft dofir an enger Wunnstruktur an där Mënsche mat enger Behënnerung betreit ginn.

Wärend dem Confinement hätt sech villes fir si geännert: "De Besuch dierft net méi eran a mir hunn net méi dierfe raus". Nieft den Ausgangsbeschränkunge goufen d'Stäck ufanks vunenee getrennt an d'Bewunner hu sech net méi dierfe kräizen, erzielt déi Betraffen. Mëttlerweil wieren d'Stäck erëm op, natierlech awer mat Mask.

Giess gëtt awer weiderhin am Zëmmer. De Besuch dierft mëttlerweil nees kommen, awer nëmme fir eng hallef Stonn an ënner Opsiicht. Wa gutt Wieder wier, da kéint een hannen am Gaart sëtzen, wann net dann an engem Raum op engem Dësch op deem déi zwou Säiten duerch Plexiglas vunenee getrennt wieren.

Luef fir d'Gestionnairen

D'Situatioun wier net einfach, mee et wéilt een de Gestionnairë kee Virworf maachen. Datt et bis elo keen Infektiounsfall mam Coronavirus an enger Wunnstruktur gouf, hätt een hinnen ze verdanken, betount d'Carine Nickels. An awer wier et elo wichteg, datt sech eppes am Secteur beweegt. D'Situatioun géif jiddweree bedrécken an dat géif si och bei hire Matbewunner mierken.

"Och wa si et lo net onbedéngt soen, ech mierken dat bei der Musek wou se lauschteren, bei der Aart a Weis wéi se mat anere schwätzen, wéi oft se aus dem Zëmmer kommen oder iwwerhaapt am allgemengen wéi se sech behuelen, et mierkt een datt et jiddwerengem op d'Gemüht schléit. Et gëtt Zäit datt sech eppes ännert."

Den Ament wier een am Gaang déi verschidde Strukturen nees lues a lues opzemaachen, esou de Claude Geimer, Direkter vun der Fondatioun Kräizbierg op Nofro hin. Vun haut Méindeg u wiere beispillsweis d'Visitten nees ënner manner strikte Mesurë méiglech. An engem Rhythmus vun zwou Woche wéilt een elo kucke wéi sech d'Situatioun entwéckelt.

D'Leit fille sech net wouer geholl

Anescht wéi fir d'Alters- a Fleegeheemer, géif et awer beispillsweis fir d'Handicap-Strukturen a gewëssene Beräicher keng konkreet Richtlinne ginn. An och systematesch Tester goufe fir d'Wunnstrukturen am Handicap-Beräich net duerchgefouert.

Déi Betraffe Carine Nickels hätt sech vun der Regierung wärend der Kris méi erwaart. Et hätt sech ugespuert wéi wann de Secteur zum Deel vergiess gi wier.

"Et ass keng eng Kéier gesot ginn 'am Behënnerte Beräich war kee Fall, oder d'Gestionnairen hunn eng gutt Aarbecht gemaach, well. Oder mir denken un eis Behënnerte Populatioun, déi jo awer och nach "agespaart" ass, a wou mir wëssen, datt et hinne net gutt geet, an haalt et aus dir hutt et gläich gepackt' Wann et och just dat wier, mee einfach weisen: 'Hei mir denken un iech'."

Kritik un der Integratiounsministesch Corinne Cahen

Déi Betraffe kéint dofir net novollzéien, datt d'Integratiounsministesch Corinne Cahen Ufank Juni vun enger "totaler Inclusioun" vum Secteur geschwat huet.

"Sou wéi Si dat beschreift, dat ass keng Inclusioun. Dat kann een eventuell Egalitéit nennen. Awer fir mech ass eng Inclusioun jo, wann een enger Minoritéit beispillsweis d'Méiglechkeet gëtt dat nämmlecht z'erreeche wéi deenen aneren. A wann een engem seet du häls dech un déi nämmlecht Reegelen, ass dat fir mech just Egalitéit mee net Inclusioun, well ech keng Méiglechkeet hunn, mech un déi Reegelen ze halen."

D'Carine Nickels géif sech elo wënschen, datt déi Betraffen aus dem Behënnerte-Secteur an hirer Situatioun méi wouer geholl ginn. Dat wier bis elo nach net genuch geschitt.