Et geet ëm e Komplex mat sechs Wunnunitéiten, an deene spéider emol eng 15 Leit fir en abordabele Loyer kéinten ënnerkommen. Keng riseg Residenz also, an awer grouss genuch fir ville Leit op der Schanz en Dar am A ze sinn.
"Dee Recours huet keng Substanz"
Trotz dem Widderstand am Duerf huet d'Fondation pour l'accès au logement net wëlles de Projet opzeginn, an och d'Gemeng stéing trotz dem Recours nach ëmmer derhannert, ënnersträicht de Gilles Hempel, den Direkter vun der Fondatioun:
"Mir sinn elo vun deem Schrëftstéck do net impressionéiert, a souwäit mer dat wëssen, ass d'Gemeng dat och net."
D'Gemeng hätt de Recours juristesch gepréift. "An eigentlech huet dat, wat am Recours steet, keng Substanz." Dofir wäert d'Fondation pour l'accès au logement "ganz normal weider fuere" mam Projet.
De Projet soll trotzdeem weidergoen
Konkret bedeit dat, datt d'Fondatioun am September eng Baugeneemegung ufreet. Do schwätzt u sech och näischt dogéint, et ass nämlech net esou, wéi wann alles misst gestoppt ginn, bis d'Verwaltungsgeriicht tranchéiert huet.
Et wier eng "fatal Signalwierkung", wann d'Gemeng an d'Fondation pour l'accès au logement sech vum Recours impressionéiere géife loossen. Et kéint een et net gebrauchen, datt d'Leit sech soen: wann ee genuch Drock mécht oder wann een en Affekot hätt, dee frech genuch wier, datt dann de Projet näischt géif ginn, seet de Gilles Hempel.
Ee Prezedenzfall fir Sozialwunnengen
Den Direkter vun der Fondatioun gesäit an dëser Affär also och e Prezedenzfall, dee wäit iwwer d'Grenze vun der Schanz erausgeet. D'Fondation pour l'accès au logement wieren net déi Eenzeg, déi Sozialwunnenge bauen an nach weider baue wëllen. "Et muss sech och jiddwereen domat offannen, datt och a sengem Duerf, a senger Noperschaft, kënne Sozialwunnengen entstoen."
An deem Sënn gëtt déi Affär natierlech och a villen anere Gemengen a vun anere soziale Promoteure mat Interessi verfollegt.