Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jay Som - The Bus Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mir sinn all Mënschen

Weltdag vun de Kannerrechter

Mir sinn all Mënschen

Um Internationalen Dag vun de Kannerrechter loosse mir och déi Jéngst, Schüler aus der Grondschoul zu Wuert kommen. De Jean Claude Majerus war an zwou Klassen aus dem Fondamental mat Kanner schwätzen.

auto_stories

1 min

De Jean Claude Majerus war am Cycle 2.2 (zweet Schouljoer) am Fondamental zu Suessem, bei Schüler am Alter vu ronn aacht Joer, an an e Cycle 4.1 (fënneft Schouljoer), wou d'Schüler ëm déi eelef Joer al sinn.

An dëse Klasse gouf sech virop scho mam Thema Kannerrechter befaasst, mee de Jean Claude Majerus war erstaunt doriwwer, wat och aachtjäreger sech zum Thema Gedanke maachen. Vill Wënsch a Gedanken hätte kee materielle Charakter.


Lauschtert déi ganz Andréck vum Jean Claude Majerus