"Bäibehale sinn aktuell all d'Affären, déi mat de Leit hire Fräiheeten ze dinn hunn", seet de Jeannot Nies, de Procureur général d'état adjoint. Am Konkrete bedeit dat, datt d'Detenus-Sëtzungen normal weiderginn. Affäre mat 30 bis 40 Leit am Sall sinn awer och do ausgesat.
D'Chambre du Conseil dann, déi Plaz, wou en Detenu preventif ka froe fir fréizäiteg aus dem Prisong ze kommen, leeft och weider. An dat selwecht gëllt fir Affären am Familljerecht.
Fir "normal zivil's a commercial's Affäre mussen awer nei Delaie gesicht ginn", seet de Jeannot Nies. "An dat gëtt e grousse Bierg, dee mir virun eis schubsen."
Vill Home office och bei der Justiz
Mee "et gëtt awer och lafend weider geschriwwen, virun allem a Prozeduren, déi net musse plädéiert ginn", esou de Jeannot Nies. Vill Riichter schaffe vun doheem aus.
Op den zwee Parqueten ass ofwiesselend eng limitéiert Zuel vu Leit present. Et sinn Ekippen opgestallt ginn, déi sech net gesinn, fir d'Kontakter maximal ze reduzéieren.
E Minimum vu Leit muss aktuell trotzdeem op d'Gericht: d'Sëtzunge goufen a grouss Säll verluecht, fir den Ofstand ze respektéieren. Deelweis gëtt och Sécherheetsmaterial wéi Masken an Händschen zur Verfügung gestallt.
D'Justiz géif aktuell fonctionéiere wéi se misst, erkläert de Jeannot Nies, et wéilt ee weider am Déngscht vum Justiciable stoen.
Preparatioune fir d'Zukunft
Et géif een iwweregens schonn dru schaffe fir, wann et néideg ass, och nom 19. Abrëll nom selwechte Scheema nach weiderzefueren.