Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir si keen Assistenzberuff"

Gesondheetspolitik

"Mir si keen Assistenzberuff"

D'ANIL-Presidentin Anne-Marie Hanff setzt sech fir eng Emanzipatioun vum Infirmiersberuff an. D'Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin ass iwwerzeegt. Eng besser Ausbildung an eng méi grouss Autonomie fir d'Infirmièrë géifen dem Gesondheetssystem ze gutt kommen.

auto_stories

5 min

D'Anne-Marie Hanff huet 2008 hiren Infirmiers-Diplom am Lycée Technique pour Professions de Santé (LTPS) gemaach. Haut mécht si en Doktorat an de Fleegewëssenschaften. Dat wier hei am Land ee ganz ontypesche Parcours - anescht wéi am Ausland. Do wier d'Infirmiersausbildung schonn haut ee Bachelor. Dat géif méi Leit erméiglechen nom Lycée de Choix vum Infirmiersberuff ze huelen - an et kéint ee sech duerno beruffsbegleedend weider bilden, bis zum Master och eben och engem Doktorat.

Eng almoudesch Ausbildung

D'ANIL fuerdert scho laang, datt d'Infirmiersausbildung hei am Land reforméiert gëtt. De "Brevet de technicien Supérieur" (BTS), deen op Deuxième ufänkt an no der Première nach zwee weider Joer virgesäit hätt kee Succès, seet d'Anne-Marie Hanff.

Iwwer d'Hallschent vun de Schüler géif d'Formatioun ofbriechen. Bannent zéng Joer wier d'Zuel vun diploméierte Schüler vu ronn 100 op ënner 50 erof gaangen. Lëtzebuerg misst dowéinst mëttlerweil bal 70 Prozent vun den Infirmièren am Ausland rekrutéieren.

Fir Jonker, déi direkt nom Lycée wéilten an engem Gesondheetsberuf wéilte schaffen, misst dat weiderhi méiglech bleiwen, eventuell da mat engem Diplom als Aide-Soignant. Och hei misst de Prinzip vun der Carrièrestrap awer gëllen, an eng beruffsbegleedend Weiderbildung gi sinn.

"Irritéiert" vu Regierungsmatdeelung

D'Anil hat rezent eng Entrevue mat fënnef Regierungsvertrieder wéinst dem Thema vun der Infirmiersausbildung. Am Communiqué vun der Regierung huet et duerno geheescht, et géif elo d'Pist ënnersicht ginn, fir ee Bachelordiplom fir "verschidde Kategorië vun Infimieren" anzeféieren. Gläichzäiteg géif de BTS bäibehale ginn - also ee Bac+2 ass, deen een am Lycée mécht.

D'ANIL wier vun deem Communiqué "irritéiert" gewiescht, seet d'Anne-Marie Hanff, well en net d'Aussoen an der Entrevue géif erëm spigelen. D'Iddi wier gewiescht, fir de BTS lues a lues auslafen ze loossen. D'Hoffnung wier elo, datt de Communiqué just schlecht formuléiert wier.

"Mir wëlle keng Mini-Doktere sinn"

Zesumme mat der Reform vun der Ausbildung misst och den Infirmiersberuff weider opgewäert ginn, seet d'ANIL-Presidentin:

"D'Infirmière ass d'Expertin vun der Fleeg. Den Dokter ass den Expert vun der Medezin. A mir wëllen och keng Mini-Doktere ginn. Mee mir wëllen eis gäre selbstänneg ëm Fleegeproblemer bekëmmeren. Dat heescht, all déi Problemer déi duerch eng Krankheet entstinn. An dat geet den Ament nach net."

D'Argument, datt besser forméiert Fleegepersonal grouss Méikäschte fir de Gesondheetssystem mat sech bréngt, dréit d'Anne-Marie Hanff ëm: Etuden am Ausland hätte gewisen, datt wann Infirmièrë méi Kompetenzen hunn, da kéinten Hospitalisatiounen oder aner Käschten evitéiert ginn.

Impfbereedschaft variéiert

Zur Impfbereetschaft beim Fleegepersonal seet d'ANIL-Presidentin, déi wier hiren Informatiounen no ganz grouss. Et géifen awer Ënnerscheeder ginn, jee no Formatiounsniveau vun de Beruffsgruppen.

"Déi Hëllefsberuffer, déi manner forméiert sinn a sech och net sou gutt auskennen, wat de Virus ugeet an d'Konsequenzen dovunner, déi si méi skeptesch. Do muss elo ganz vill informéiert ginn."

Grouss Frustratioune wéinst der Covid-Kris

Fir d'Fleegepersonal wier d'Situatioun weiderhi schwiereg - och wann d'Covid-Infektiounszuelen an d'Hospitalisatiounen den Ament réckleefeg sinn. Dat sot d'Presidentin vun der Infirmiers-Associatioun ANIL.. An de Spideeler missten elo vill Behandlungen nogeholl ginn, déi wärend de leschte Wochen ofgesot gi waren. An et wier eng Onsecherheet do, datt eng nei Well kéint kommen. Zur Fro, ob d'Personal dat kéint stäipen, sot d'Anne-Marie Hanff:

"D'Personal stécht den Ament immens vill zréck. An et stumpft och e bësschen of, well et ass ee mat ganz ville Situatioune konfrontéiert, déi een emotional och belaaschten. Zemools wat d'Isolatioun ugeet vu Patiente mat Covid an dem Kontakt mat der Famill, déi jo besuergt sinn. Dat ass am Spidol esou, awer och an der Laangzäitfleeg. Et wäert iergendwéi goe mussen. Mee et ass d'Fro, wéi mir duerno aus där Kris eraus kommen a wéi vill Leit dann nach iwwereg si vun den Infirmièren."

Et géifen Zuele vun der internationaler Infirmiers-Associatioun ginn, datt 15 Prozent vun den Infirmièren no der Covid-Kris kéinten d'Handduch schmäissen. D'Anne-Marie Hanff hofft, datt dat net geschitt a gëtt sech optimistesch: "Op der anerer Säit, wäerte vläit och méi Leit de Beruff wëlle léieren, well e sou visibel war a sou valoriséiert gëtt."

Mëssstänn an der Laangzäitfleeg

Fir datt d'Fleegepersonal an der Laangzäitfleeg weider duerchhält, misste méi Ressourcen zur Verfügung gestallt ginn. D'ANIL hat am Dezember an engem "Bréif un d'Chrëschtkëndche" opgelëscht, wat grad an den Alters- a Fleegeheemer gebraucht gëtt.

Dorënner déi informatesch Moyene fir d'Kommunikatioun tëscht Awunner an hire Familljen, Noutfallpläng wa vill Awunner krank ginn a Personal ausfällt, oder Zesummefaassunge vu wëssenschaftleche Recommandatiounen. Déi eenzel Haiser hätte vill dovunner selwer gemaach, mee déi hätten eigentlech och soss scho genuch ze dinn, seet d'Anne-Marie Hanff. Eng zentraliséiert Ënnerstëtzung wier besser gewiescht.

Konsequenze vum Personalmanktem

D'ANIL bedauert och, datt d'Awunner aus den Alters- a Fleegeheemer nuets net adequat kënne versuergt ginn, well net genuch Infirmièren do sinn. Dat wier d'Erklärung, firwat sou vill eeler Covid-Patienten nuets da géifen an d'Spidol transferéiert ginn - obwuel weder si nach d'Famill dat esou wollten.

Ee Problem wier dann och, datt amplaz vun Infirmièren ëmmer méi Hëllefspersonal ouni déi néideg Qualifikatiounen géif agestallt ginn. Dat hätt zur Konsequenz, datt d'Infirmièren net méi kéinten den Iwwerbléck behalen. Komplikatiounen, ewéi Ënnerernierung, Dehydratioun, oder Longenentzündunge géifen dowéinst net fréizäiteg erkannt ginn.

Familljeministerin gefuerdert

D'ANIL hätt op hire Bréif bis ewell keng Äntwert kritt. D'Fro wier och, wie fir all dës Saachen iwwerhaapt verantwortlech wier, seet d'Anne-Marie Hanff. Mat där fir de Secteur zoustänneger DP-Familljeministerin Corinne Cahen hätt een zënter dem Ufank vun der Pandemie doriwwer keen Austausch gehat.

D'Ministerin hätt hei awer vill kënne maachen, och ouni an d'Autonomie vum Secteur anzegräifen: "Dat ass de Feedback, dee mir vum Terrain kréien, datt d'Leit sech sech méi Ënnerstëtzung erhofft hätten."