Dat bekanntste Beispill vun enger Blockchainapplikatioun ass d'Internetwärung Bitcoin. Dës digital Wärung, déi mat engem dezentrale Buchungssystem funktionéiert, gëtt et schonn zanter 2009.
Bei Transaktioune mat Kryptowärungen applizéiert sech déi normal Besteierung: dorun erënnert de Finanzminister Pierre Gramegna. Wann een e Benefice mat Kryptowärunge géif maachen, da misst dee besteiert ginn. Et bräicht een dofir d'Gesetzgebung awer net ze änneren, well et géif sech ëm en Echange handelen, an deen Echange géif och besteiert ginn.
Gesetzer applizéiere sech
Dem Pierre Gramegna no sollen d'Steierverwaltung an den Enregistrement deemnächst eng Nott erausginn, mat Informatioune fir d'Steierzueler am Zesummenhang mat de Kryptowärungen, wéi zum Beispill Bitcoin. Dat géif an den nächste Woche geschéien a wier och keng Drénglechkeet, mä éischter e Rappell.
Et kéint kee soen, datt een net gewosst hätt, datt et Gesetzer géife ginn. Zu Lëtzebuerg géif et eng "Egalité devant l'impôt" ginn, dat wier an der Verfassung verankert. Déi nei Technologië géifen de Consommateur an den Investisseur net vun de Gesetzer entbannen, an dat misst een hinnen och soen.
Ähnlech gesäit dat den CSV-Deputéierte Laurent Mosar:
"Et ka jo net sinn, datt wann Dir eng normal Operatioun op der Bourse maacht, wou der Steiere bezuelt, wann Dir déi elo iwwer Kryptowärunge maacht, oder iwwer Blockchain, datt déi op eemol net méi besteiert misste ginn."
National Reglementatioun fir Investisseuren
D'CSV-Fraktioun fuerdert och, datt et eng national Reglementatioun soll ginn, fir d'Investisseuren am Kontext vun Applikatioune vun der Blockchaintechnologie ze schützen, soulaang et keng europäesch Legislatioun an dësem Beräich gëtt.
De Laurent Mosar seet, den zoustännege Minister Pierre Gramegna hätt versprach, hie géif dat nach eng Kéier nokucken an och mat den Acteuren um Terrain schwätzen. "A wa sech dat géif als noutwenneg erweisen, wier hien och bereet op dee Wee ze goen".
Regierung: Mir si gutt opgestallt
Méi generell ass de Pierre Gramegna der Meenung, datt de Grand-Duché gutt opgestallt ass a Saache Blockchain respektiv am Beräich Fintech, also dee Secteur, an deem d'Finanzservicer duerch Technologië changéieren.
D'Regierung hätt an de leschte Jore souguer eng Prioritéit doraus gemaach. De Finanzminister huet erkläert, datt een zu Lëtzebuerg 128 Fintechgesellschaften hätt, vun deene 15 Gesellschaft am Domaine Blockchain aktiv wieren.
D'Regierung hätt d'Initiative vun engem Projet InfraChain geholl, deen eng Couche op Blockchain dobäi setzt. "Dat heescht, mir sinn do wierklech um Ball, mir hunn net en Zuch verpasst, mir sinn an der Lokomotiv un deem Zuch".
CSV: Méi Efforten néideg
D'CSV-Oppositioun verlaangt awer, datt nach weider Efforte solle gemaach ginn: Nach wier Lëtzebuerg als Standuert net attraktiv genuch. Et misst een um Niveau vun de Fintechen a vun de Start-Uppe méi wäit goen. D'Regierung misst méi Efforte maachen, wann ee wierklech e Silicon Valley vun de Start-Uppen an Europa wéilt ginn.