Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir missten deen Text net hunn"

Transparenzregëster

"Mir missten deen Text net hunn"

De geplangten Transparenzregëster geet net wäit genuch, seet de Roy Reding. An Zukunft mussen d'Deputéiert oppe leeën, wie mat hinne geschwat an op déi Manéier probéiert huet, Afloss op hir Aarbecht ze huelen. Mat esou engem Schrëtt um Niveau vun der Chamber eleng geet et awer net duer, sou den ADR-Deputéierten a President vun der parlamentarescher Reglementskommissioun.

auto_stories

2 min

De Roy Reding ass ADR-Deputéierten a President vun der parlamentarescher Reglementskommissioun.

Fir de Roy Reding ass et kloer, datt d'Regierung an och héich Beamten déi selwecht Obligatioune sollten hu wéi déi, déi d'Chamber sech selwer operleet. An der Verwaltung géifen et Fonctionnaire ginn, déi u laangen Hiewele sëtzen, an déi eng Decisioun méi staark an déi eng oder aner Richtung beweege kënnen, wéi en Deputéierten dat kéint.

Net jiddweree muss sech androen

Natierlech misste sech och Interesseverbänn wéi Gewerkschaften oder Patronatsorganisatiounen an den zukünftegen Transparenzregëster androen, preziséiert de Roy Reding. Hien huet domat e Punkt kloer gestallt, deen u senger Textpropositioun, déi hien als President vun der Reglementskommissioun gemaach hat, kritiséiert ginn ass.

Eng Exceptioun géif just gëlle fir Beruffsorganisatiounen, déi vum Gesetz virgesi sinn, wéi z.B. den Ordre des avocats. Si brauche sech grad esou wéineg anzedroe wéi Europadeputéierter, Beruffskammeren a staatlech oder kommunal Instanzen. Seng Ambitioun wier et, deen Transparenzregëster nach virum Summer stoen ze hunn, sou de Roy Reding.

D'Chamber huet kee Choix

An den Transparenzregëster wäerte sech Organisatiounen an Eenzelpersounen androe mussen, wa se nach un Deputéierter eruntriede wëllen, fir déi politesch a legislativ Aarbecht op iergend eng Fassong ze beaflossen. De GRECO (de Grupp vu Staate géint Korruptioun) réit derzou, sech esou e Regëster ze ginn. Mee och wann et just eng Recommandatioun ass, hätt d'Chamber net wierklech de Choix, seet de Roy Reding:

"Et ginn ëmmer erëm Recommandatioune formuléiert, déi mer gefällegst ëmzesetzen hunn. De GRECO ass och ni zefridden, e wäert och ni zefridde ginn. Et geet em ni wäit genuch, an e wäert ëmmer erëm nei Domainë fannen, wou e fënnt, datt Lëtzebuerg misst méi reglementéieren."

Den ADR-Deputéierte gëtt awer zou, datt een aus der Informatioun wie wéini mat wiem geschwat huet, net erausliese kann, ob ee sech vun deem Gespréich a senger politescher Aktioun beaflosse léisst. Fir de Roy Reding misst een dee ganzen Text dofir och net hunn, mee et misst een en hunn, well "e vun eis gefuerdert gëtt".