Friddensmarsch op Ouschterméindeg "Mir hunn d'Sprooch vum Fridde verluer"

Op dësem Ouschterméindeg ass e Friddensmarsch an der Stad. Lass geet et um dräi um Glacis, d'Arrivée ass op der Clairefontainesplaz. De Krich an der Ukrain an de Appell fir Fridden ass dat dominant Theema, mee d'Fuerderunge gi méi wäit.

Sophie Morang / rb

Raymond Becker
De Raymond Becker. Foto: Archiv.

Lauschteren


Fir de Friddensmarch gouf eng ganz Fuerderungspalett opgestallt: et manifestéiert ee fir eng oppen, solidaresch an tolerant Gesellschaft, fir e staarke Sozialstaat an och zum Beispill fir e kloren Engagement par Rapport zu den Zieler vum Paräisser Klimaaccord.

"Mir haten déi Theeme virum Krich an der Ukrain fixéiert", seet de Raymond Becker vun der Friddensplattform: si si mam OGBL Organisateur vun der Maniff. D'Theeme wiere wichteg, genee natierlech ewéi de Ruff no engem Waffestëllstand an der Ukrain.

D'Ukrain huet e Recht op Selbstverdeedegung

"Waffe schafe kee Fridden", heescht et vun der Friddensplatteform. An awer ass ee fir d'Selbstverdeedegung vun der Ukrain, fir e Recht op Waffen och. "Do ware mir vun Ufank un ganz kloer," seet de Raymond Becker. Hien verweist hei op den Artikel 51 vun der UN-Charta. Doran steet, datt e Land, dat ugegraff gëtt, e Recht huet sech ze verdeedegen, domat also och e Recht op Waffeliwwerungen huet.

De Raymond Becker gëtt awer zou, datt dëst keen einfache Spagat ass: Hien hofft egal wéi, datt de Konflikt séier iwwer Negociatioune kann op en Enn bruecht ginn.

Méi zum Thema

Tom Bellion
Optakt vun der Touristesaison

Mam Ouschterweekend fänkt bei eis traditionell d'Touristesaison un. Duerch d'Pandemie an déi vill Restriktiounen huet de Secteur zwee schwiereg Joer hannert sech. Mee elo soll et biergop goen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen