Radioen

On air

Moiesstudio  |  Jaco Jaco - Drivel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu kengem eng Impfung ewechgeholl"

No ëffentlecher Kritik

"Mir hu kengem eng Impfung ewechgeholl"

De Jean-Louis Schiltz reagéiert op Kriticken zu der virzäiteger Impfung: et hätt ee kengem eng Impfung ewechgeholl. D'Richtlinne vum Gesondheetsministère wieren net kloer gewiescht.

auto_stories

3 min

De Jean-Louis Schiltz, President vum Verwaltungsrot vum HRS. Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

Et hätt ee sech net virgedréckt, mee just nom "Prince de précaution" gehandelt, sou wéi dat och vun de Spideeler verlaangt gi wier, esou de Jean-Louis Schiltz de Moie virun der Press. Entschëllegt huet de President vum Verwaltungsrot sech net.

"Ech verbidde mer et, fir mer Lektiounen an Anstand a Moral ginn ze loosse vu Leit. Ech hu guer näischt dogéint, wann ee jonk, quirreleg, energesch ass. Ech war dat och eng Kéier. Mee ech mengen, da soll een awer net deenen anere Leit Moral an Anstand virhalen."

D'Presidence vum Verwaltungsrot vun den Hôpitaux Robert Schuman hätt kengem eng Impfung ewechgeholl an och nogefrot, ob net en anere virun hinne sollt drukommen, esou de Jean-Louis Schiltz. Hien huet och Rumeuren dementéiert, datt nach Familljememberen vun den dräi Membere vum Verwaltungsrot sollte geimpft gi sinn a kritiséiert, datt aner Spideeler méi Impfstoffer vum Gesondheetsministère kritt hätten, wéi den HRS.

D'Spidol securiséieren

D'Hôpitaux Robert Schuman hätten et Ufanks Dezember esou verstanen, datt et d'Zil wier e Cordon sanitaire ronderëm d'Spidol anzeriichten, fir et ze schützen, esou de President vum Verwaltungsrot. Dozou géif och d'Presidence vum Verwaltungsrot gehéieren, huet de Jean-Louis Schiltz argumentéiert.

De Verwaltungsrot wier d'Haaptorgan vum Spidol a wier zivil- a strofrechtlech responsabel, wat am Spidol geschitt. Dofir misst et fir si méiglech sinn, reegelméisseg kënnen an d'Spidol ze goen, "ouni sech all Dag mussen d'Fro ze stellen, ob ech d'Institutioun engem Risiko aussetzen, wann ech do eran an eraus ginn".

D'Impfung vun der Presidence vum Verwaltungsrot hätt deemno als Zil gehat d'Spidol ze schützen, esou wéi et d'Objektiv vun der Politik war.

Onkloer Richtlinnen

D'Richtlinne vum Gesondheetsministère, fir just déi Leit ze impfen, déi am direkte Kontakt mam Patient sinn, wieren net vun Ufank u kloer gewiescht. D'Santé hätt bis den 18. Januar och ni kloer an däitlech gesot, datt de Verwaltungsrot net an der éischter Phas vun der Impfstrategie geimpft soll ginn.

De President vum Verwaltungsrot vum HRS kritiséiert och d'Kommunikatioun vun der Spidolsfederatioun: den E-Mail vun de FHL, datt d'CA-Memberen net solle geimpft ginn, wier eréischt den 18. Januar un d'Spideeler gaangen, obschonns d'Spidolsfederatioun dës Informatioun schonn eng Woch éischter gehat hätt.

De Jean-Louis Schiltz konnt net confirméieren, datt an der Reunioun mam Gesondheetsministère den 13. Januar gesot gi wier, datt Membere vum Verwaltungsrot net solle geimpft ginn. An dëser Zoom-Reunioun wieren et och eng Rei technesch Problemer ginn.

D'Stëmmung beim Personal wier am Januar iwwerdeems och eng aner gewiescht, seet de Jean-Louis Schiltz: et wier eng gewësse Retizenz gi fir sech impfen ze loossen. D'Leit um Terrain hätten deemools gesot: "wann d'Direktioun eis an d'Impfung schéckt, da solle se als éischt selwer goen".