Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hu ganz aner Problemer vu sozialer Kohäsioun hei am Land"

Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg

"Mir hu ganz aner Problemer vu sozialer Kohäsioun hei am Land"

Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg ass tëschent 2015 an d'lescht Joer geklommen, vun 18,5 Prozent op 19,7 Prozent. Dat hält de STATEC a sengem leschte Rapport iwwert déi sozial Kohäsioun fest. Et géif et net stëmmen, datt d'Leit méi aarm ginn, seet de Jean-Jacques Rommes, Generaldirekter vum Patronatsdaachverband UEL. Dat wier eng grouss Manipulatioun. D'Aarmut misst een opgrond vum Undeel vun de Leit berechnen, déi hir Besoinen net kënnen decken.

auto_stories

4 min

Dem STATEC no riskéiert een an d'Aarmut ze falen, wann ee manner wéi 60 Prozent vum Median-Akommes zur Verfügung huet. D'Median-Akommes ass dee Wäert, bei deem 50 Prozent vun de Leit driwwer a 50 Prozent drënner falen. Et géif et net stëmmen, datt d'Leit zu Lëtzebuerg méi aarm ginn, seet de Jean-Jacques Rommes, Generaldirekter vum Patronatsdaachverband UEL. Dat wier eng grouss Manipulatioun.

"Et geet hei ëm e relatiivt Gefäll vum Wuelstand am Land. Dat heescht konkret, datt den Aarmutsrisiko dann an d'Luucht geet, wa mir méi Leit mat Wuelstand hei am Land unzéien. Statistesch ass et esou, datt wann déi Reese vun eisem Finanzminister an eisem Wirtschaftsminister Succès hunn, a si bréngen Entreprise mat hiren Dirigenten heihinner, da steigt hei am Land de relativen Aarmutsrisiko."

Dem Jacques-Jacques Rommes no misst een Aarmut um Undeel vu Leit moossen, déi hir Besoinen net kënnen decken. Wéi huet deen Undeel sech dann entwéckelt? Dozou kann de Generaldirekter vun der UEL nach näischt soen. Den Haaptproblem léich beim Logement. Déi sozial Kohäsioun wier zwar wichteg. Mä dee gréisste Problem léich senger Meenung no anzwousch anescht.

"Mir hu ganz aner Problemer vu sozialer Kohäsioun hei am Land, wéi zum Beispill, datt d'Lëtzebuerger all an der Fonction publique sëtze mat decke Paien an datt de ganze Privatsecteur mat Auslänner funktionéiert, déi manner déck bezuelt sinn a manner Avantagen hunn. Dat ass e Problem vu sozialer Kohäsioun, dee kee Politiker Iech wäert nennen."

Fuerderunge vu Gewerkschaften

Eng aner Klack héiert ee beim OGBL. D'Gewerkschaft huet d'Regierung, déi jo och mat engem sozialen Usproch ugetrueden ass, bis elo ënnerstëtzt - wann och kritesch.

"Dee sozialen Usproch ass partiell ageléist ginn. Do sti mir och hannendrun. Kaum ze denken, wann et weider gaange wier, wéi dat virdrun de Fall war. Da wier déi Analys vum STATEC nach vill méi schlëmm. Dat ass de Bonus fir d'Regierung, mä dat ass e Bonus mat engem staarke B-Mol. Mir sinn hei an enger Situatioun, wou déi Aktioun, déi dës Regierung gemaach huet, manifestement nach net duer geet," seet den OGBL-President André Roeltgen.

Den OGBL stellt eng ganz Rei Fuerderungen: Zum Beispill misst een de Mindestloun ëm zéng Prozent erhéijen. Wann ee wéilt verhënneren, datt d'Schéier zu Lëtzebuerg weider auserneegeet, misst een d'Produktivitéitsgewënner méi gerecht verdeelen, sou den André Roeltgen. Hien hätt kee Versteesdemech fir eng Regierung, déi dat bis elo nach net gemaach hätt.

Donieft missten d'Familljeprestatiounen an d'Renten ugepasst, d'Allocation de vie chère an de REVIS an d'Luucht gesat ginn. D'Regierung misst d'Bezéier vum Mindestloun och vun den direkte Steiere befreien, sou den OGBL-President.

Et wier kloer, datt déi Räich hei am Land vis-à-vis vun den ënneschten a Mëttelakommesschichte vill méi bevirdeelegt géife ginn, ënner anerem iwwer d'Fiskalitéit.

UEL an OGBL iwwer Etude ëm Aarmutsrisikoplay_arrow

Och den LCGB mengt, datt een ënnert anerem bei der Steierpolitik misst usetzen. Eng Iddi wier, datt d'Besteierung eréischt ufänkt, wann ee méi wéi de Mindestloun verdéngt, seet dozou de Vize-Generalsekretär Christophe Knebeler.

"Dat ass och eng Belaaschtung fir déi Leit, woubäi si schonn net vill Revenu hunn."

Donieft bräicht een och eng Upassung un d'Inflatioun, déi ëmmer nach net do wier. Och dat géifen d'Leit am ënneschten Deel vum Barème am Stäerksten ze spieren kréien. Bei den Diskussiounen ëm d'Verméigenssteier wier sécherlech nach méi dra gewiescht, fënnt de Christophe Knebeler. Dat Thema wier nach net ofgeschloss.

Christophe Knebeler play_arrow

"Entwécklung, déi virauszegesi war"

Den héijen Taux vum Risiko vun Aarmut a sozialer Ausgrenzung wier "kloer eng Entwécklung, déi virauszegesi war", seet den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry. D'lescht Joer wiere weder vum Staat nach vun der Privatwirtschaft speziell Moossname geholl gi fir géint sozial Ausgrenzung virzegoen. Den Alex Bodry rechent domat, datt den héijen Taux vum leschte Joer sech fir 2017 net widderhëlt. D'Kafkraaft soll duerch d'Steierreform, déi den éischte Januar dëst Joer a Kraaft getrueden ass, klammen. Déi géif "besonnesch Entlaaschtung" brénge "bei deenen ënneschte Steierkategorien".

"D'Erhéijung vum Mindestloun ass den éischte Januar 2017 ugelaf. Eng Index-Tranche ass ee Mount virgezu ginn an och den éischte Januar 2017 agetratt. Sou datt ech dovun ausginn, datt déi Zuelen, déi elo fir 2016 festgestallt sinn, sech 2017 net méi wäerte widderhuelen. Dass de Pak vu Moossnahmen, dee vu politescher Säit geholl ginn ass, fir eng sozial méi gerecht Staffelung ze kréien, een Effekt wäert hunn an dësem Joer."

Reaktioun Alex Bodryplay_arrow